Ausland: Hurrikan NORMA geschwënn Kategorie 4, ënnerwee a Richtung Mexiko

De NORMA hat sech virgëschter Owend zu engem Tropestuerm verstäerkt. An Tëschenzäit handelt et sech ëmt e “Major-Hurricane”, deen geschwënn déi véiert Kategorie erreecht. De Stuerm zitt op Mexiko duer.

Titelbild-Hannergrond: tropicaltidbits.com

Advertisement

Hurrikan NORMA verstäerkt sech

Déi duerchschnëttlech Wandvitesse vum NORMA bedréit de Moment nach ëm 195 km/h, an de Spëtzten schonn iwwer 200 km/h. Et ass en Hurrikan vun der drëtter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala. E läit nëmme knapp westlech vu Mexiko an zitt a Richtung Norden. Et ass ze erwaarden, dass en an der Nuecht op e Sonnden zu Cabo San Lucas ukënnt. Bis dohin variéiert seng Intensitéit awer nach e puer mol méi staark.


Satloop vum NORMA | Animatioun: tropicaltidbits.com

Spéitstens fir haut den Owend rechent de National Hurricane Center domat, dass sech de NORMA an en Hurrikan vun der zweethéchster, also véierter Kategorie verstäerkt. D’Wandvitesse leien dann bei duerchschnëttlechen 215 km/h, iwwerdeems d’Spëtzten 240 km/h a méi erreechen. Vum Freiden un ass mat enger liichter Ofschwächung ze rechnen, e gëtt viraussiichtlech erëm eng Kategorie erofgesat. Vum Freidenowend u sollt e säi Status als “Major Hurricane” verléieren, bis de Weekend schwächt e sech op déi éischt Kategorie of. Beim u Land treffe kéint en esouguer mat Chance just nach en Tropestuerm sinn mat gemëttelte Wandvitesse vun tëscht 75 an 110 km/h.


Déi aktuell Positioun vum NORMA a säi weidere Parcours | Grafik: hurricanes.gov / National Hurricane Center