Ausland: Kategorie 4 Hurrikan IAN trëfft op Florida | Mat Livestreams

Den Hurrikan IAN ass kuerz virdrun, a Flordia u Land ze treffen. An dësem Artikel fannt Dir e puer Livestreams, iwwert déi Dir de Stuerm matverfollege kënnt.

Hurrikan IAN huet sech massiv verstäerkt

An der vergaangener Nuecht huet den Hurrikan IAN nach Wandvitesse vun 195 km/h an der Moyenne erreecht, dat als Hurrikan vun der drëtter Kategorie. Nëmme sechs Stonne méi spéit huet e sech zu engem Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala virunentwéckelt a packt et an Tëschenzäit op 250 km/h an der Moyenne – a krazt domat esouguer un der fënnefter Kategorie.


Dat aktuellt Satellittebild vum IAN, Landfall imminent | Animatioun: tropicaltidbits.com

An de kommende Stonnen trëfft d’Aen vum Stuerm knapp nërdlech u Fort Myers u Land a wäert laanscht d’Küst entlaangzéien, ier et dann bei Englewood esou richteg a Florida eranzéie wäert. Nieft dem zolitte Wand gëtt sech eng Stuermflut vun tëscht zwee bis fënnef Meter erwaart, mat dobäi solle punktuell méi wéi 300 l/m² Reen vum Himmel kommen. Zu den zousätzleche Gefore gëllen Tornadoen, déi schonn gëschter iwwer Florida opgetruede sinn.

Livestreams

Ryan Hall, Y'all

Reed Timmer

Stream riskéiert zäitweis ze ënnerbriechen. Am Fall dovun einfach Channel opruffen an op neie Stream waarden.

Vince Waelti

Fox News

Max Olson