Ausland: Kuba & Florida bereede sech op den Hurrikan IAN vir

Den Hurrikan IAN ass sech amgaange massiv ze verstäerken.

Fir d’éischt Kuba, dann Florida

De frësch gebuerenen Hurrikan IAN wäert muer ëm dës Zäit en Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir-Simspon Skala sinn – en ass sech also massiv um verstäerken, wat op dat immens waarmt karibescht Mier zréckzeféieren ass. An der Nuecht op den Dënschden trëfft de Stuerm als Hurrikan vun der zweeter Kategorie am Weste vu Kuba, bei Pinar del Rio, u Land a wäert wuel grouss Zerstéierunge mat séch bréngen. Et ass mat Reequantitéite vun tëscht 200 a 400 l/m² ze rechnen, an der Moyenne erreecht de Wand Vitesse vun 200 km/h.


Déi momentan Positioun vum IAN an och de weidere Parcours | Grafik: NHC / NOAA

Florida vum Donneschdemoien u betraff

Tëscht de Modeller gouf et a ginn et ëmmer nach gréisser Ënnerscheeder, allerdéngs sollt e Landfall a Florida mëttlerweil sécher sinn. Nodeems de Kär vum Stuerm den Dënschdenowend Kuba passéiert huet, verstäerkt e sech iwwert dem Golf vu Mexiko weider. Als Hurrikan vun der véierter Kategorie – mat gemëttelte Wandvitesse vun 220 km/h – mécht e sech dann op de Wee a Richtung Florida – aktuelle Berechnunge no soll de Kär vum Stuerm nëmme knapp westlech vun Tampa laanschtzéien, iwwerdeems Tampa selwer awer och staark vun zolittem Reen, Wand an och héije Welle beaflosst gëtt. De Kär soll de Freidemoie fréi knapp ëstlech vu Cedar Key u Land goen, dat méiglecherweis als Hurrikan vun der drëtter Kategorie.

Taifun Noru zitt op de Vietnam duer

Net nëmmen iwwert dem Atlantik stiermt et de Moment uerdentlech, mee och d’Philippinen esouwéi och Vietnam sinn dovu betraff. Den Taifun NORU ass gëschter Moien als Supertaifun iwwer Manila ewechgezunn, dat mat gemëttelte Wandvitesse vun tëscht 240 an 255 km/h – den Equivalent vun engem Hurrikan vun der fënnefter Kategorie. De Stuerm befënnt sech de Moment ëstlech vu Manila a wäert muer den Owend bei Dien Ban u Land goen – dat ëmmer nach mat gemëttelte Wandvitesse vun 205 km/h.


Vietnam am Viséier vum Taifun NORU | Grafik: zoom.earth