Ausland: Massive Medicane zitt op Griicheland duer

Iwwert dem Mëttelmier huet sech e sougenannte Medicane forméiert, deen um spéideren Owend resp. um fréie Freidemoien a Griicheland u Land goe wäert.

Bal wéi een Hurrikan

E Medicane (engl.: Mediterranean Hurricane) huet sech iwwert dem Mëttelmier tëscht Italien an den ioneschen Insele forméiert – dëst bei gënschtege Bedingunge wéi ënnert anerem enger Wasseruewerflächentemperatur vu bis zu 27 Grad. Normalerweis hu Medicanes näischt tropesches u sech, mee dëse Stuerm ass anescht. En huet beispillsweis souguer e waarme Kär, wat normalerweis just bei tropesche Wirbelstierm de Fall ass. De Mëttwochowend (16.09.2020 – 17:00 Auer) huet de Stuerm sech ugefong staark ze verstäerke, wat sech um Satellitebild gutt bemierkbar gemaach huet. D’Wollekebänner dréine symmetresch ronderëmt de Kär vum Stuerm, deen tëschenduerch esouguer schon zäitweis en Aen ausgebild huet. De System generéiert net nëmmen extrem Wandvitessen, mee och zolidd Reequantitéiten.


De Medicane mam Numm UDINE (verginn vum DWD) um Wee a Richtung Griicheland | Satbild: windy.com

De ganz geneeë Lafwee vum Medicane ass nach net 100% sécher, mee et ass ganz warscheinlech, dass d’Wandfeld vum System den Owend nach op déi ionesch Inselen, enger Inselgrupp viru Griicheland, treffe wäert. Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent dobäi mat Wandstéiss vu bis zu 142 km/h, den europäesche Modell mat 163 km/h an den däitschen ICON mat extremen 265 km/h. Bis sech de Stuerm opléist, sollen op sengem Wee Reequantitéite vun tëscht 100 an 320 l/m² optrieden, sou de GFS. Den ECMWF rechent mat 100 bis 340 l/m² an den ICON mat 120 bis 545 l/m².


Den UDINE trëfft warscheinlech als Kategorie 1-Equivalent u Land | Animatioun: wxcharts.com

D’Modeller ginn zwar nach e gutt Stéck ausernee wat d’Wandvitessen ugeet, mee et schéngt drop erauszelafen, dass de Medicane mat engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala gläichzestellen ass – dat mat enger duerchschnëttlecher Wandvitesse vun op mannst 118 km/h, an de Spëtzten däitlech driwwer. Tëscht den Owend 23h a muer de Moie fréi 02h soll de Stuerm op d’Inselen treffen a sech dono séier ofschwäche, wann e weider a Griicheland selwer eranzitt. De Kär wärt de Freidemoien an der Géigend vu Patra leien. Och wann de Wand ofhëlt, wäert sech de System awer nach ausreenen. Wéi uewe geschriwwen, ass mat extreme Quantitéiten ze rechnen. Liewensgeféierlech Iwwerschwemmunge si méiglech. Och Donnerwieder wäerte mam System optriede, bei deenen d’Potenzial vu nach méi héije Wandstéiss, méi staarkem Reen (a punktuell gréisser Quantitéiten) an och Tornadoen erhéicht ass.


Experimentell Kaart zum Lafwee, der Wandvitesse & de Reequantitéiten vun ESTOFEX