
Nodeems an de leschten Deeg am Südoste vum Massif Central a Frankräich Rekordzomme vu méi wéi 800 l/m² Reen erofkomm sinn, huet sech elo e weidert Déif forméiert. Zumools am Süde vun Italien sinn elo och immens héich Zommen ze erwaarden.
Advertisement
Bis zu 864 l/m² Reen a Südfrankräich
Sécherlech hutt Dir d’Biller vun de schroen Iwwerschwemmungen an de soziale Medien gesinn. Wann ee sech déi gefale Reenzommen ukuckt, sinn dës och net wierklech verwonnerlech: Un der Statioun zu Mayres koume nämlech tëscht dem Dënschden an dem Freiden 694 l/m² Reen erof, un der Infoclimat-Statioun La Croix de Bauzon waren et esouguer 864 l/m². Fir eng kleng Virstellung ze kréien: Dat ass bei hinne méi wéi d’Hallschent vun enger ganzer Joreszomm. Wann een dëse Wäert op Lëtzebuerg géif iwwerdroe, kéint een esouguer soen, dass et an e puer Deeg esou vill wéi an engem ganze Joer gereent hätt. Fir dës spezifesch Regioun a Frankräich sinn dës Reenzommen, déi an där kuerzer Zäit nach ni beobacht goufen.
⛈️🌧️ Voici le bilan de cet épisode exceptionnel de #pluie sur le sud de la France. L'#épisodecévenol a apporté plus de 800 mm au total, ce qui en fait l'un des plus forts de ces 20 dernières années. Ce matin, il pleut encore dans le sud-ouest, avant une accalmie progressive. pic.twitter.com/dg16Hud4M1
— La Chaîne Météo (@lachainemeteo) October 18, 2024
Dës Reenperiod huet nach eng Kéier ënnerstrach, dass esou Phänomeener duerch de Klimawandel verstäerkt ginn. Eng méi waarm Welt ass och eng méi naass Welt, well duerch déi méi héich Temperature méi Waasser ka verdonschten. Doduerch kann dann och méi erëm ofreenen an et steet generell méi Energie zur Verfügung.
Nei Onwieder an Italien
Aktuell dréint e weidert Déifdrockgebitt seng Kreeser, dëst Kéier iwwert dem Tyrrhenische Mier, de Prognose no verlagert et sech bis en Dënschden ënner Ofschwächung a Richtung Balearen. Et schéngt awer net dat eenzegt Déif ze bleiwen: A Richtung Mëtt der Woch/zweet Wochenhallschent gi weider Déifdrockgebitter fir d’Tyrrhenischt Mier ugedeit. Fir d’Mëttelmierregioun steet also eng immens naass Phas un.
Wa mir eis d’Reenzommen bis de Méinden inclus ukucken, da sinn iwwert dem Mier selwer tëscht 30 an deels 80 l/m² Reen ze erwaarden. De meeschte Reen gëtt allerdéngs fir den äusserste Südoste vu Kalabrien berechent: Vu Galati iwwer Bianco, Bovalino bis erop op Crotone ginn tëscht 100 an 250 l/m² berechent. Eenzelne Modeller no kënne knapp südlech vu San Giovanni in Fiore och méi wéi 300 l/m² optrieden.

Verlängere mir den Zäitraum bis op de Freiden inclus, da sinn an de genannte Géigenden zumools an direkter Géigend zum Mier, also un de Küsten, verbreet méi wéi 200 l/m² ze erwaarden, mat Peaks vun iwwer 300 l/m². D’Ausräisser ënnert de Modeller sinn deels och erëm mat 800 l/m² dobäi, mee déi musse sech fir d’éischt mol nach confirméieren. Dass esou Worst Case-Berechnungen awer net systematesch klengzeriede sinn, huet déi rezent Katastroph a Südfrankräich gewisen.