Och haut huet sech net vill un de Berechnunge geännert, d’Owesmodeller rechnen ëmmer nach deels iwwer 300 l/m² Reen fir eis Nopëschlänner. Dëst ass en Update.
Advertisement
Situatioun weiderhin am Aen halen
Dëst ass d’Fortsetzung vum Artikel vu gëschter. Liest dëse gären aus Kontext-Grënn duerch.
D’Wiedermodeller vun den Owend gesi weiderhi keng Entschäerfung vun der potenzieller Extremsituatioun, déi sech an de nächsten Deeg iwwer Deeler vum Kontinent kann ofspillen. Et stinn zwar nach e puer Détailer op, mee wat den Zäitpunkt méi no kënnt, wat sech méi Eenzelheeten erauskristalliséieren. Am Verglach zu gëschter hu sech d’Modeller elo an engem Beräich agependelt, deen sech vun den Alpen aus iwwer Éisträich, de Weste vun der Slowakei, den Oste vun Tschechien an de Süde vu Polen zitt. Hei fannt Dir e Verglach vun e puer Modeller:
Uginn sinn déi akkumuléiert Zommen, déi bis den Dënschden inclus kënnen erofkommen. Den amerikanesche Modell ass an de Spëtzte mat tëscht 100 an 300 l/m² ënnerwee, den europäesche Modell vun den Owend wëll méi wéi 400 l/m² net ausschléissen. Den däitschen ICON-EU ass mat 100 bis >350 l/m² dobäi an den ARPEGE ass mat 90 bis ëm 200 l/m² e bësse méi zréckhalend.
Vun de geneeën Zommen ofgesinn gëtt pro Laf (Aktualiséierung vun de Kaarten), an dem dës Kaarten änlech bleiwen, eng markant bis extreem Iwwerschwemmungssituatioun méi warscheinlech. Sollten sech déi Léisungen mat den héchsten Zommen duerchsetzen, da kann et och zu katastrophalem Ausmooss kommen.
Zu Lëtzebuerg si mir wäit fort vun dëser geféierlecher Wiederlag. An awer komme sécherlech nach Updates eisersäits dozou.