Nach ni gouf et esou fréi am Joer en Hurrikan vun der héchster, fënnefter Kategorie. Virgëschter ass de Stuerm iwwert d’Grenadinen ewechgezunn, den Owend (eiser Zäit) trëfft en op Jamaika.
Advertisement
Kuerzzäiteg Intensivéierung zu engem Kategorie 5-Hurrikan
Wéi de Stuerm de Méinden iwwer Grenadien, südlech vun der Martinique, ewechgezu war, war et en Hurrikan vun der véierter Stuf op der Saffir-Simpson Skala – de Wand huet an der Moyenne mat 240 km/h geblosen. An der Nuecht op en Dënschden huet e sech weider verstäerkt, iwwert dem Karibesche Mier huet en duerchschnëttlech Wandvitesse vun 270 km/h produzéiert – en Hurrikan vun der héchster, fënnefter Kategorie.
Domat huet de Stuerm direkt e puer Rekorder opgestallt: Nach ni virdrun gouf et schonn esou fréi en Hurrikan vun der héchster Kategorie, esouguer déi véiert Kategorie konnt bis ewell nach ni esou fréi an der Saison erreecht ginn. Zousätzlech war et zu engem Zäitpunkt och de südlechsten Kategorie 4-Hurrikan, deen bis elo opgezeechent gouf. D’Verstäerkung vum Stuerm ass och déi séierst, déi bis ewell virun engem Septembermount am Atlantik observéiert gouf. Dëse Stuerm ass d’Resultat vun engem vill ze waarme Mier, wat definitiv op de Klimawandel zréckzeféieren ass.
Jamaika am Viséier
Et ass domat ze rechnen, dass de BERYL um spéideren Owend (eiser Zäit) Jamaika erreecht. Momentan ass en op déi véiert Kategorie erofgestuuft ginn an erreecht an der Moyenne eng Wandvitesse vun 230 km/h. Wann en den Owend mam Kär südlech un Jamaika laanschtzitt, mee d’Insel mat sengem Stuermfeld awer voll erwëscht, soll en nach Vitessen vun 215 km/h dropkréien, an de Spëtzten awer nach däitlech méi héich. Beim Passage solle Reenzommen vu bal 300 l/m² vum Himmel kommen, dat an Zäit vu just 24 Stonnen. Och fir d’Kaimaninselen huet de National Hurricane Center (NHC) schonn eng Hurrikanwarnung ausgesprach – hei soll de Stuerm tëscht dem Donneschdemoien an dem Nomëtten südlech laanschtzéien, iwwerdeems en op déi drëtt Kategorie sollt erofgestuuft ginn.
Eng Hurrikan-Virwarnung ass och schonn fir Quintana Roo, direkt u Yucatan ugerenzend, erausginn. Iergendwou tëscht Playa del Carmen a Chetumal soll de Beryl um Freidemoien eiser Zäit u Land goen. Seng Rees soll duerno iwwert dem Golf vu Mexiko virugoen, dat am Ufank nach als tropesche Stuerm, fir sech dann kuerz viru Südost-Mexiko a Südwest-Texas erëm zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie ze ginn.