Ausland: Stiermesch a vill Reen an Deeler vu Portugal & Spuenien

En Déifdrockkomplex virun der Küst vun der iberescher Hallefinsel suergt de Weekend iwwer fir gréisser Reequantitéiten a stiermesche Wand an Deeler vu Portugal wéi och Spuenien.

30%eg Warscheinlechkeet fir en Zyklon ze ginn

En Déifdrockkomplex/-System, deen um fréie Freidemoie knapp westlech vu Portugal um Atlantik läit, suergt de Weekend iwwer fir variabelt Wieder an Deeler vu Portugal a Spuenien. Dem National Hurricane Center no huet dëse System eng niddrëg 30-prozentëg Chance sech an de nächsten Deeg zu engem Zyklon ze intensivéieren. Et ass awer éischter als onwarscheinlech anzestuufe, well dës atlantësch Stéierung schonn haut den Owend a Portugal u Land goe wäert.


Den Déifdrockkomplex ass vum National Hurricane Center als atlantesch Stéierung mam Potenzial vun der Entstéiung vun engem Zyklon gekennzeechent | Kaart: nhc.noaa.gov

D’Modeller rechnen domat, dass de System vum fréie Virmëtten un der Ëmgéigend ronderëmt Lissabon déi éischt spierbar bis stiermesch Wandstéiss brénge wäert. Dobäi ass mat Vitesse vun tëscht 50 a 75 km/h ze rechne, punktuell an haaptsächlech op den héchste Bierger kënnen och Vitesse vun ëm 90 km/h an driwwer optrieden. Och südëstlech vu Badajoz, an der Ëmgéigend vu Seville an ëstlech vu Malaga sollen änlech Wandvitessen optriede kënnen. Op de Bierger vun der Iberescher Biergerketten si Stuermstéiss bis punktuell Orkanstéiss virprogramméiert. Soubal de Kär vum System am Laf vum Nomëtten u Land geet, gëtt en a Punkto Wand signifikant méi schwaach, just op den héchste Bierger a Spuenie stiermt et weider. Wat bleift ass de Reen.

Punktuell zolidd Reequantitéiten

Wat d’Reequantitéiten ugeet soll et dem Groussdeel vun de Modeller no a Portugal an der Ëmgéigend vu Braga a Porto zu den héchste Quantitéite kommen. An der Period vun elo bis de Sonndenowend si Quantitéite vun tëscht 30 a 70 l/m² ze erwaarden, dem franséischen ARPEGE no esouguer punktuell bis zu 160 l/m². A Spuenie fixéiert sech de meeschte Reen op d’Iberesch Biergketten. An enger Sträif vun der Grenz zu Portugal bis eriwwer op Madrid a nach e bësse weider an de Nordoste solle Quantitéite vun tëscht 40 an 130 l/m² falen. Den däitsche Modell ICON rechent de Maximum direkt un der Grenz zu Portugal mat 140 l/m².


D’Reequantitéite vum Freide bis de Sonndenowend | Animatioun: wxcharts.com