Ausland: Supertaifun SAOLA kënnt Hong Kong geféierlech no

De Supertaifun SAOLA, deen Wandvitesse vun an der Moyenne 250 km/h generéiert, ass vun der Intensitéit hier dat selwecht wéi en high end Kategorie 4-Hurrikan.

Advertisement

Supertaifun kënnt Hong Kong geféierlech no

De Supertaifun SAOLA befënnt sech de Moment nach matten iwwert dem südchinesesche Mier, wäert muer den Owend awer nëmme knapp südlech vun Hong Kong leien. De Moment generéiert de Stuerm gemëttelt Wandvitesse vun 250 km/h a bléist an de Spëtzte mat 305 km/h – domat ass en engem Hurrikan vun der véierter an zweethéchster Stuf gläichgestallt a kraazt esouguer un der fënnefter Kategorie. Wann de SAOLA muer den Owend an der Géigend vun Hong Kong läit, solle Modellrechnunge no nach Vitesse vun tëscht 120 an 160 km/h optrieden. Bis e Samsdemoie wieren akkumuléiert gesinn Reequantitéite vun tëscht 100 an 300 l/m² u Land ze erwaarden.


Den aktuelle Sat-Loop vum SAOLA | Animatioun: tropicaltidbits.com

E Samsden ass domat ze rechnen, dass de Stuerm d’Inselen Shangchuan an Xiachuan erreecht an och e gréisseren Afloss op Haiyan, Chuandao, Guanghai a Chixi wäert hunn. Bis dohi sollt sech de Wand awer däitlech berouegt hunn, dat nach mat enger Duerchschnëttsvitesse vu knapp 130 km/h an 160 km/h an de Spëtzten. Et wier ëmmer nach mat vill Reen ze rechnen, mee mat berechenten 30 bis 100 l/m² wier et däitlech manner naass wéi um Festland selwer.