Ausland: Taifun HINNAMNOR ass éischte Supertaifun vum Joer

Gëschter Moien huet sech den Taifun Hinnamnor iwwert dem westleche Pazifik zu engem Supertaifun verstäerkt. Et ass den éischte vum Joer an den am Moment stäerkste Wirbelstuerm op der Äerd.

Japanesch Inselen am Aflossberäich vum Stuerm

De Supertaifun Hinnamnor produzéiert de Moment (Stand: 31.08.2022 – 02:12 Auer) duerchschnëttlech Wandvitessen vun 260 km/h, an de Spëtzte ginn ëm 300 km/h erreecht. D’Aen vum Stuerm befënnt sech an direkter Ëmgéigend vun den Daitō-Inselen a wäert an de nächste Stonnen an Deeg ënner liichter Ofschwächung a Richtung Südweste virunzéien. Am fréie Mëttwochvirmëtte läit d’Aen vum Stuerm südëstlech vun Okinawa a wäert d’Insel selwer an déi an der Ëmgéigend mat zolittem Wand a massivem Reen beaflossen.


De Supertaifun op sengem Wee a Richtung Okinawa | Animatioun: tropicaltidbits.com

Nächste “Landfall” wuel eréischt méi spéit méiglech

De weidere Parcours vun dësem Stuerm muss genee am Aen gehal ginn, well d’Modell-Simulatiounen an de leschten Deeg nawell abrupt Ännerunge virgewisen hunn. Dem Stand vum 28. August no hätt de Stuerm elo haut als tropesch Depressioun op de Süde vu Japan sollen treffen. Nëmmen een Dag duerno hunn d’Modellrechnungen abrupt gekippt a gesinn elo e ganz staarken Taifun, deen Enn der Woch e gutt Stéck méi wäit ëstlech vun Taiwan leie soll, ier déi weider Berechnungen dann erëm virun a Richtung Norde ginn.


D’Volatilitéit vun der Prognos an engem Bild zesummegefaasst | Grafik: JMA

Gleeft een de momentane Modell-Simulatiounen, da soll de Stuerm nach eng Zäit brauchen, bis e mam Kär dat nächst Land erreecht. Am Laf vum Samsde kéint et geschéien, dass d’Aen tëscht den Inselen Taketomi, Ishigaki, Miyakojima oder Tarama duerchzitt. An där Zäit soll de Stuerm kee Supertaifun méi sinn, mee awer nach duerchschnëttlech Wandvitesse vun 195 km/h generéieren. Bis de Sonnde soll sech de Stuerm dann bis iwwert d’Ostchinesesch-Séi viruverlagert hunn.


De viraussiichtleche weidere Parcours vum Stuerm | Grafik: JTWC