Ausland: Taifun NESAT ënnerwee a Richtung Südchina & Vietnam

An den atlanteschen Tropen ass et esouwäit roueg - anescht awer virun den Diere vum südleche China & Vietnam.

NESAT trëfft an der Nuecht op de Freiden u Land

Den Taifun NESAT befënnt sech de Moment genee tëscht de Philippinen an der südchinesescher Insel Hainan. An der Moyenne generéiert e Wandvitesse vun 165 km/h – en entsprécht also dem Equivalent zu engem Hurrikan vun der zweeter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala.


Déi aktuell Satellittenanimatioun vum NESAT | Animatioun: tropicaltidbits.com

An de nächsten Deeg zitt de Stuerm a westlech Richtunge virun a wäert tëscht dem Mëttwoch an dem Donneschde mat sengem Kär knapp südlech un Hainan laanschtzéien. Dobäi ass awer trotzdem ze erwaarden, dass déi südchinesesch Insel an den Aflossberäich vum Stuerm geréit a nieft engem markante Wand och zolitt Reequantitéiten ofkritt. Dem europäesche Wiedermodell no solle besonnesch iwwert dem Osten an och dem Süde vun der Insel méi wéi 200 l/m² Reen erofkommen.

Weidere Parcours féiert an de Vietnam

Vum Mëttwochmëtten u soll sech de Stuerm lues awer sécher ofschwächen – dem neiste Stand no wier et dann nach en Tropestuerm mat enger gemëttelter Wandvitesse vu 95 km/h. Ënner weiderer Ofschwächung trëfft de NESAT viraussiichtlech an der Nuecht op de Freiden am Vietnam u Land, dat warscheinlech knapp nërdlech vu Ba Don.


De weidere Parcours vum Tropestuerm | Grafik: zoom.earth

Wann een d’Modellkaarten esou kuckt, ass e klenge Shift a Richtung Norden awer net ausgeschloss.