Ausland: Tropestuerm IDALIA kéint Florida als Kategorie 3-Hurrikan erreechen

D’Hurrikansaison kënnt esou lues un d’Rullen. D’IDALIA gewënnt iwwert dem nërdleche karibesche Mier u Kraaft a wäert viraussiichtlech e Mëttwoch als Hurrikan op Florida treffen.

Advertisement

IDALIA geschwënn iwwert dem Golf vu Mexiko

D’IDALIA befënnt sech de Moment tëscht Yucatán & Kuba, iwwert dem karibesche Mier un der direkter Grenz vum Golf vu Mexiko. De Moment trieden am Stuerm Wandvitesse vun 104 km/h an der Moyenne op, an de Spëtzten ass e mat 120 km/h ënnerwee. Well de National Hurricane Center dovun ausgeet, dass de Stuerm all Moment zu engem Hurrikan gëtt, si fir de Weste vu Kuba, inkl. Havanna, Hurrikanwarnungen aktiv.


Um aktuelle Satbild-Loop ass ze gesinn, wéi sech de Stuerm weider intensivéiert | Animatioun: tropicaltidbits.com

An de nächsten Deeg beweegt sech de Stuerm, wéi gesot, eraus op de Golf vu Mexiko a wäert iwwert dem immens waarme Waasser nach uerdentlech u Kraaft gewannen. Momentane Modellrechnunge no läit d’IDALIA muer den Owend als Hurrikan vun der zweeter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala westlech vu Key West, Florida – dat mat Wandvitesse vun 160 km/h an der Moyenne an 193 km/h an de Spëtzten.


De viraussiichtleche Parcours vum IDALIA iwwert déi nächst Deeg | Grafik: NOAA / NHC

Duerno gëtt et dann zimmlech interessant, well schonn um fréie Mëttwochmoie kéint vun engem “Major Hurricane”, also engem Hurrikan vun der drëtter Kategorie kéint geschwat ginn. Berechent ginn duerchschnëttlech Wandvitesse vun ëm 185 km/h, an de Spëtzte wiere bis 225 km/h dobäi. Geet et dem momentane Modellstand no, geet d’Aen vum Stuerm iergendwou tëscht Tampa & Perry u Land – d’Mëttellinn zitt sech awer de Moment duerch Cedar Key, Chiefland & Trenton. De Worst Case wier, dass sech de Stuerm wéinst dem immens waarme Waasser nach méi staark géif intensivéiere wéi geduecht.

D’Reenzommen & Stuermflut

D’Reenzommen ginn, well de ganz geneeë Lafwee vum Stuerm nach net zu 100% feststeet, ënnerschiddlech berechent. Géif et déi momentan ofgebillt Route aschloen, da wieren iwwert dem Mier bis kuerz viru Land tëscht 150 an 233 l/m² Reen ze erwaarden. Den amerikanesche Modell GFS gesäit eng méi nërdlech Route a wëll net ausschléissen, dass de Stuerm net wäit ewech vun Tallahassee u Land geet. Berechent gi bis zu 365 l/m² um oppene Mier, u Land selwer bis ëm 240 l/m².


D’Berechnungen zu der Stuermflut | Grafik: NOAA / NHC

Egal wou genee dat Schlëmmst vum Stuerm driwwerzitt an och, wéi vill Reen wierklech erofkënnt: Et ass mat liewensgeféierlechen Iwwerschwemmungen ze rechnen. Mat dobäi kënnt och nach eng Stuermflut, déi dem National Weather Service no tëscht 2 an 3 Meter héich kéint ginn.

Aneren Hurrikan um Atlantik

Et gëtt awer nach een aneren Hurrikan, nämlech de FRANKLIN. E läit wäit ëstlech vu Florida a soll de Mëttwoch e Stéck nërdlech u Bermuda laanschtzéien. An der Moyenne generéiert e Wandvitesse vun 230 km/h, wat engem Hurrikan vun der véierter (also zweethéchster) Kategorie op der Saffir-Simpson Skala entsprécht. Et ass net komplett ausgeschloss, dass de FRANKLIN kuerzzäiteg déi fënneft an héchst Kategorie kéint erreechen.


Aktuelle Sat-Loop vum FRANKLIN | Animatioun: tropicaltidbits.com