Ausland: Tropestuerm ROSLYN trëfft de Weekend als Hurrikan a Mexiko u Land

Gëschter Mëtten huet sech den Tropestuerm ROSLYN am Pazifik forméiert. An de nächste Stonne verstäerkt e sech virun an trëfft de Sonnden als Hurrikan a Mexiko u Land.

Hurrikan vun der zweeter Kategorie erwaart

De momentane Prognose vum National Hurricane Center no soll de Stuerm de Sonndenowend als Hurrikan vun der zweeter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala a Mexiko u Land goen – fir genee ze sinn südlech vun Teacapán.


De weidere Parcours vum ROSLYN | Grafik: NOAA / NHC

Ier et awer esouwäit ass, muss de Stuerm mol nach zu engem Hurrikan ginn… dat soll fréistens de Samsdemoie geschéien. Vun do aus verstäerkt sech d’ROSLYN dann virun a soll de Sonndemoien déi zweet Kategorie erreechen. An der Moyenne ass de Wand dann mat 155 km/h ënnerwee, an de Spëtzten däitlech driwwer. An der Nuecht op de Méinde gëtt mam Landfall a Mexiko gerechent: dat net nëmme mat zolittem Wand mee och mat massivem Reen. Tëscht 200 a 400 l/m² gi berechent.