Ausland-Update: Modeller schrauwe Reequantitéite fir Südeuropa an d’Luucht

Portugal & Spuenien esouwéi och Südostfrankräich an Deeler vum Balkan gehéieren zu den Hotspots. Punktuell muss mat Iwwerschwemmunge gerechent ginn.

Advertisement

Verschäerfung vun der Situatioun

Dem Mëttelmierraum steet eng méi naass Period un, woubäi de Raum Portugal a Spuenien, esouwéi awer och de Südoste vu Frankräich an Deeler vum Balkan besonnesch erausstiechen. Am Update vu gëschter hate mir eis d’Situatioun a Portugal e bësse méi genee ugekuckt, dëst ass en Update.

Bis Enn der Woch zéien e puer Déifdrockgebitter iwwer Südeuropa ewech, fir de Rescht vum Mount ginn et Indicer op weider där naasser Phasen. An dësem Artikel beliichte mir haaptsächlech all dat, wat bis e Sonnden inclus soll optrieden.

Portugal a Spuenien

Wéi gëschter schonn behandelt, weisen och déi neist Modeller immens vill Reen fir déi nërdlech a nordëstlech Géigende vu Portugal. Och Spuenien ass am direkte Grenzgebitt vun de markante Reenzomme betraff. Berechent ginn an Tëschenzäit tëscht 70 an deemno wéi ëm 185 l/m² an de Spëtzten. Zumools den europäesche Modell wëll un der direkter Küst méi wéi 200 l/m² net ausschléissen, mee dat gesäit ee réischt spontan.


D’Reequantitéite bis de Sonndenowend spéit | Animatioun: wxcharts.com

Südostfrankräich

A Frankräich stécht haaptsächlech de Südosten eraus. D’Modeller si sech nach net ganz genee iwwert déi exakt Géigende mat den héchste Quantitéiten eenz, mee géif et dem europäesche Modell nogoen, da wier Nice matten dran, iwwerdeems och Marseille an Toulon eppes ofkriiten. Aner Modeller tendéiere méi a Richtung Central Massiv, deen nordëstlech vun Toulouse läit. Hei géifen d’Nidderschléi widdert d’Bierger gedréckt ginn, wouduerch se sech esou richteg kéinte sammelen. Et gi Berechnungen, déi bis an de Beräichj vun den 200 l/m² ginn – dës Zomme gi vum fréie Freidemoien un bis de Sonnden inclus berechent. Trotzdeem géif de Risk vu markante Reequantitéite weiderhin fir aner Géigenden a Südostfrankräich bestoe bleiwen, eben ënnert anerem och nach am Raum Marseille.


D’Reequantitéite bis de Sonndenowend spéit | Animatioun: wxcharts.com

Italien / Slowenien

Hei spillen d’Alpen eng grouss Roll, well d’Nidderschléi alt erëm dowiddert gedréckt ginn. Dohier ass am äusserste Nordoste vun Italien mat direkter Grenz zu Slovenien mat engem weideren Hotspot u Reequantitéiten ze rechnen, lokal kéinte méi wéi 120 l/m² zustane kommen.


D’Reequantitéite bis de Sonndenowend spéit | Animatioun: wxcharts.com

Grenzgebitt Bosnien & Montenegro

E weideren Hotspot gëtt et un der Grenz tëscht Bosnien a Montenegro. Bis an de fréie Méindemoioen eran kënnen iwwer 100 l/m² erofkommen.