Ausland: Vermësster an Doudeger no schwéieren Onwieder an Italien & Balkan

Wéi ugekënnegt ass et am Mëttelmierraum leider zu immens schwéieren Onwieder komm. Enorm Reequantitéiten, Donnerwieder a Stuerm hu fir Chaos gesuergt.

Italien

Zanter dem Méinden an Dënschden maache sech zolitt Donnerwieder a Reefäll iwwert dem Mëttelmier breet, déi haaptsächlech en Afloss op Italien esouwéi awer och de Balkan-Raum hunn/haten. Dës Phänomener hu sech virun allem duerch immens staarke Reen, Knëppelsteng an zolitte Stuerm bemierkbar gemaach – leider ass et net nëmme beim Materialschued bliwwen.

Et ass domat ugaangen, dass zu Venedeg de speziellen Héichwaasserschutz “Mose” an den Asaz komm ass. De System ass zanter 2020 a Betrib – a gëtt ëmmer dann agesat, wann d’Peegele markant klammen. Déi rezent Flut war déi markantst, mat där et de System bis ewell ze dinn hat. Mat 1,7 Meter iwwert dem Normalstand war et och de bis ewell drëtthéchste Wäert.

Vum Dënschden u koumen ëmmer méi markant Meldungen eran. Op der Autobun Catania-Messina goufen dräi Mënsche blesséiert, wou e Bam op si gefall war. Och soss sinn d’Pompjeeën bis zu dësem Zäitpunkt méi wéi 100 Kéiere wéinst ëmgefalene Beem ausgeréckt.

De Mëttwochmoien huet déi italienesch Norichtenagentur ansa.it matgedeelt, dass de speziellen Ofwiersystem géint d’Waassermassen Venedeg gerett hätt. 82% vun der historescher Stad wieren ouni de System ënner Waasser gewiescht, huet et geheescht.

Vermësster an Doudeger no Äerdrutsch op Ischia

Op der Insel Ischia koum et haut zu engem massiven Äerdrutsch, wat op d’Onwieder zréckzeféieren ass. Bis ewell gëllen 13 Mënschen als Vermësst – dorënner och Kanner – , et gëtt allerdéngs och schonn vun 8 Doudesaffer geschwat. Gebaier, Géigestänn a Persoune goufe vu Bullislawinne matgerappt. E puer Famille waren doropshin och an hiren Haiser agespaart – sämtlech ëffentlech Ariichtungen hunn um Samsdemëtten hir Dieren zougemaach.

Balkan

Déi schro Wiederen hu sech net nëmmen op Italie beschränkt, mee hu sech och weider an den Osten ausgebreet. Besonnesch a Montenegro, Kosovo an am Norde vun Albanien si grouss Reenzommen erofkomm. Eragemellt goufe Quantitéite vun iwwer 135 l/m². Zu Gryke Lugje an Albanien hunn e 50 järege Papp a säin 18 järege Jong versicht, iwwert eng Bréck ze fueren, déi iwwert e staark ugeschwollene Floss gefouert huet – allen zwee si vun de Waassermasse matgerappt ginn a si gestuerwen.

Keng Berouegung a Siicht

Wann een d’Wiederkaarten esou kuckt, da gesäit et net wierklech no enger Berouegung aus. Virun allem iwwert dem mëttleren a südëstleche Mëttelmierraum stinn erëm gréisser Reenzommen un, déi sech erëm mat änleche Konsequenze weise kënnen. Ofgebild op der Grafik sinn déi berechent akkumuléiert Quantitéite bis den 1. Dezember inclus.


D’Mëttelmier kënnt och an der neier Woch net zur Rou | Grafik: wxcharts.com