Ausland: Vu muer u massiv Nidderschléi iwwer Norditalien ze erwaarden

En Déifdrockgebitt suergt erëm fir Onrouen am Mëttelmierraum, op e Neits trëfft et Deeler vu Norditalien. Schonn den Owend ass awer och de Südoste vu Frankräich betraff.

Advertisement

Déif dréckt Reen a Richtung Alpen & Norditalien

Vun den Owend un etabléiert sech en Déifdrockgebitt mat sengem Kär iwwert dem Südoste vu Frankräich resp. dem Nordweste vun Italien a suergt ëmmer erëm fir kräfteg Nidderschléi. Op der Récksäit vum Déif gi kill Loftmassen an de waarme Mëttelmierraum gedréckt, et entwéckée sech ëmmer erëm nei Nidderschléi. Dës treffe vu muer un op Deeler vu Norditalien, deels ass och de Balkanraum betraff. Doduerch muss mat onwiederaartege Reenzomme gerechent ginn, déi fir Iwwerschwemmunge kënne suergen.


Déi berechent Reequantitéite bis den Donneschden inclus | Grafik: wxcharts.com

Momentan, a vill méi nach vun den Owend un, reent et schonn iwwert dem Südoste vu Frankräich méi markant. Zumools tëscht Marseille a Lyon soll bis muer de Moien de meeschte Reen erofkommen, bis zu 60 l/m² si punktuell méiglech. Och un de Süde vun der Schwäiz sief geduecht, do sinn änlech Zomme méiglech. De Gros vun de Nidderschléi wäert nach bis e Mëttwoch inclus aktiv sinn, bis dohi ginn akkumuléiert Zomme vun tëscht 100 an 200 l/m² gerechent – dat am Raum Milan, Verona, Venetien an Udine. Et handelt sech ëm Staarkreen mat agelagerten Donnerwieder. Och en Donneschden an e Freide gëtt et mol nach naass, mee d’Intensitéite fänken un ofzehuelen.

Wat de Balkanraum ugeet, ass laanscht d’Küste vu Kroatien bis erof op Montenegro mat tëscht 40 an 100 l/m² an de Spëtzten ze rechnen, je no Modell och e bësse méi.