Ausland: Wanterstierm zéien iwwert de Mëttelmierraum ewech

Heiheem huet sech de Wand jo berouegt, anescht awer am Mëttelmierraum. Vu Nordwesten hier geroden ëmmer erëm Déifdrockgebitter iwwer d’Mier a forméiere sech zu klenge Stierm. Wéi een indirekten Afloss dës Déifer op Mëtteleuropa hunn, kläre mir an dësem Artikel.

Advertisement

Vb- änlech Déifdrockgebitter

Am Hierscht hate mir déi sougenannt “Vb-Déifdrockgebitter” méi oft beschriwwen, well dës iwwert dem Mëttelmierraum ëmmert erëm fir schro Wiedere mat Iwwerschwemmunge gesuergt haten. Ënnert engem Vb-Déif versteet een en Déifdrockgebitt, wat sech vum Spuenien oder Frankräich aus iwwer d’Mëttelmier beweegt an am Endeffekt iwwer d’Alpen erëm zréck iwwert den Oste vun Europa zréck a Richtung Mëtteleuropa. Dëse Lafwee gëtt am weidere Verlaf och dës Kéier erëm interessant, mee dozou méi wäit ënne méi.

Vill Reen, Stuerm a Schnéi

An dësen Deeg dominéiert d’Déifdrockwieder iwwert dem Mëttelmierraum. Ëmmer erëm si méi kräfteg Schliet dobäi, och de Wand ass stiermesch ënnerwee. Een Déif stécht dobäi besonnesch eraus, nämlech dat wat muer den Owend iwwert de südëstlechsten Zipfel vu Frankräich an d’Mier zéie soll a sech dann de Modeller no iwwer Sardinien weider verstäerke soll. D’Déif ass nëmme kleng, dréit awer zolitte Nidderschlag a Stuerm mat sech. E Freidenowend kënnt et den ECMWF-Berechnunge no am Süde vun Italien un, dat iwwer Kalabrien. Fir d’Erhéijungen huet dëst deels méi kräftege Schnéifall ze bedeiten, soss ass et Reen. De Wand erreecht Spëtzte vun tëscht 80 an 110 km/h. Dëst Déif soll sech dann mat engem frësch entstanenen Déif verbannen a virun allem mat méi kräftegem Nidderschlag wéi Reen a Schnéi iwwert de Balkan ewechzéien.


De Verlaf vum Vb-Déif ass gutt um ICON-Modell ze erkennen | Animatioun: wxcharts.com

Wat huet dat elo mat Mëtteleuropa ze dinn?

Et handelt sech zwar net ëmt dat selwecht Déif, mee ëmt de selwechte Modus: E Vb-Déif, wat den Donneschdenowend spéit iwwer Albanien & Griicheland leie soll, beweegt sech bis de Samsde mat sengem Zentrum bis a Polen. Um Wee dohin bild sech e gréissert Nidderschlagsgebitt aus, wat duerch déi niddereg Temperaturen zu engem Groussdeel als Schnéi erofkënnt. Dëst Schnéigebitt soll dem aktuelle Stand vun de Modeller no de Gros vun der Osthallschent vun Däitschland erreechen, dat am Laf vum Samsdenomëtten.


D’Ukomme vum Déif mam Schnéigebitt e Samsden iwwer Polen/Däitschland | Animatioun: wxcharts.com

E Sonnde beweegt sech d’Schnéigebitt weider a Richtung Westen aus – mee wéi gëschter schonn gesot ass et onkloer, wéi wäit an ob Lëtzebuerg och eppes dovu matkritt. Den ECMWF gesäit d’Schnéigebitt kuerz virdru stierwen, de GFS gesäit d’Reschter dovun bei eis ukommen. Egal wéi et kënnt: Vill Schnéi wäert net dobäi sinn.