Déi schro Onwieder aus de leschten Deeg wäerten definitiv net déi lescht gewiescht sinn. Alleng bis muer si virun allem am adriatesche Raum gréisser Reenzomme méiglech.
Advertisement
D’Mëttelmier gëtt ëmmer méi ufälleg fir Onwieder
All Joer, wann de Peak vum Summer lues awer sécher duerch ass, klëmmt d’Warscheinlechkeet vun Onwieder iwwert dem Mëttelmierraum. De Grond dofir ass, dass sech d’Lofttemperature vill méi séier kënne verännere wéi d’Waassertemperaturen. Beweegt sech also en Déif mat méi kille Loftmassen iwwert en ëmmer nach däitlech méi waarmt Waasser, da kënne sech doraus markant Wiedersystemer forméieren, déi an éischter Linn fir grouss Reenzomme suergen.
It is official.
The Mediterranean sea surface temperature has just set a new heat record. The average sea surface temperature just hit a staggering +28.15°C.
18 out of the top 20 hottest days for the Mediterranean sea surface have been observed in the last 13 months alone. pic.twitter.com/GXkaoNKNiT
— Scott Duncan (@ScottDuncanWX) August 14, 2024
De Fakt, dass d’Mëttelmier ëmmer méi waarm gëtt, spillt dem Risk fir Onwieder leider an d’Kaarten. De 16. August 2024 gouf déi héchst jeemools gemoosse Waasseruewerflächentemperatur registréiert, dat mat engem Peak vun 31°C virun der Küst vu Palermo, Italien. Déi westlech Deeler vum Mëttelmierraum haten den Dag eng Temperatur vun tëscht 24 an 28°C, déi zentral a méi südledch geleeë Géigenden 28 bis 30°C. Schonn Deeg virdrun ass bekannt ginn, dass duerch eng duerchschnëttlech Waassertemperatur vun 28,15°C e neie Rekord opgestallt gouf.
Et ass also domat ze rechnen, dass mir an de nächste Wochen a Méint weiderhi keng all ze schéi Biller vun do ënne wäerte gesinn. Och d’Formatioun vu sougenannte “Medicanes” (Mediterranean Hurricanes) gëtt doduerch begënschtegt.
Iwwerschwemmungsgefor un der Adria
Déi adriatesch Géigenden hu bis muer, den Dënschdenowend, schonn erëm gréisser Reenzommen ze erwaarden. Dem europäesche Modell no ass mat tëscht 30 a punktuell 84 l/m² ze rechnen, de méi héichopgeléiste Modell ICON-EU gesäit haaptsächlech iwwert dem Mier selwer e puer Peaks vu bis zu 130 l/m². Fir déi direkt Küstegéigende kann dat awer och u Land Auswierkungen hunn.
Erhéicht Zomme sinn och un de Küste vu Sizilien a Kalabrien méiglech.
De Grond fir de ville Reen ass en Déif, wat sech bis en Dënschdenowend net wierklech vu Plaz wäert beweegen – ugedriwwe vun de virdrun ausféierlech erkläerte Konditiounen.