Aussiichten: Ab dem Donneschde kuerzzäiteg manner waarm

Um Mëttwoch gëtt de Maximum vun der Hëtztwell areecht. Ab der Nuecht op den Donneschden an och um Donneschde selwer kéiert aus nördleche Richtungen hier eng kleng “Ofkillung” an.


Manner waarm, mee emmer nach héichsummerlech

Um Mëttwoch gëtt ëmmer nach mam Maximum vun der aktueller Hëtztwell gerechent. D’Temperature sollen am Laf vum Nomëtten a spéidere Nomëtten op 34 bis 37 Grad klammen, eventuell kann et lokal begrenzt och vir 38 Grad duergoen. Wéi waarm et tatsächlech gëtt, hänkt ënnert anerem vun der Konzentratioun vum Saharastëbs of. De Saharastëbs ass en Thema, well dësen, zesumme mat der grousser Hëtzt aus Nordafrika, an eis Géigende geblose gëtt. Ass vill Stëbs an der Loft, kann d’Sonnenastraalung gedrosselt ginn.

Um Donneschde gett et zwar ëmmer nach héichsummerlech waarm – keng Fro – mee déi wierklech extrem waarm Loftmasse gi gréisstendeels a Richtung Frankräich ofgedrängt. Zu Lëtzebuerg sinn, Stand elo (24.06.2019 – 22:46), Temperature vun 31 bis knapp 35 Grad nachemol ze erwaarden. Um Freide gett et nach e Stéck manner waarm, bei 29 bis 33 Grad ass et awer ëmmer nach summerlech bis héichsummerlech. D’Sonn ass ëmmer nach um RDV an et zéien heiansdo mol e puer kleng Wollécken duerch. Et bleift drëchen.

Donneschde bis Freide kuerz manner waarm, ier et de Weekend nachemol kuerz méi hëtzeg gëtt (wxcharts.com – GFS)

Um Weekend nachengkéier kuerz Hëtzt méiglech

D’Modeller si sech sou gutt wéi all eenz, dass en Deel vun der Hëtzt iwwer Frankräich de Weekend ënner ofgeschwächter Form nachengkéier bei eis laanscht kucke komme kann. Dobäi kéinten um Samsde Wäerter vu 25 bis lokal 35 Grad areecht ginn an och um Sonnde wiere nachemol 29 bis knapp 35 Grad dran.

Um Sonnden zéien e puer Wollécken op, déi awer nach harmlos sinn. Wat d’Woch drop ugeet klëmmt d’Wahrscheinlechkeet vun e puer Schaueren an Donnerwiederen erem bëssen. D’Temperature beweege sech no ënnen, missten awer d’Woch iwwer nach tëschen 23 an 30 Grad am Dag leien. De geneeë Verlaf ass natierlech opgrond vun der zäitlecher Distanz nach ongewëss.