Aussiichten: Emmer méi a Richtung Hierscht?

D’Modeller sprangen hin an hier, mee wéi et ausgesäit schéngt d’Loft sou lues wierklech raus ze sinn. Et gëtt méi wacklëg, waat mat der Ëmstellung vum Summer an den Hierscht zesummenhänkt.

Mix aus Sonn, Wollécken a Schaueren

A nächster Zäit ergëtt sech méi oft d’Chance op déi eng oder aner Schauer, waat awer eigentlech gutt Neiëgkeete vir d’Natur sinn. De Reen gëtt ëmmer nach dringend gebraucht. Et wärt awer net stännëg gro sinn – och d’Sonn wärt sech heiansdo duerchsetze kënnen.

Vir ufanks mol bei dëser Woch ze bleiwe kann ee soen, dass et wuel nach bis den Donnëschden am wahrscheinlechsten ass, dass et mol naass gëtt. Iwwert de Weekend ass d’Wahrscheinlechkeet dovunner rem méi niddrëg, soudass et aktuelle Berechnunge no éichter drëche bleiwe sollt.

Um Dënschden sinn eng Partie Wollécken ënnerwee, de Risk vu Schaueren ass awer nëmme geréng. Op de meechte Plaatze bleift et drëchen, d’Sonn kritt och heiansdo mol eng Chance vir raus luussen ze kommen. Um Mëttwoch kann et virun allem vum Nomëtten un zu Schaueren an eenzelnen Donnerwiedere kommen. D’Temperature beweege sech bis dohinner och am selwechte Beräich: se leien tëschen 21 a 25 Grad am Dag. Um Donnëschden ass mol nach eng eenzel Schauer dran, sonnëg Momenter kënnen awer virun allem am Nomëtte virkommen. Et ass mat bis zu 22 Grad ze rechnen.

Scho gewosst?

De geneeë Verlaaf zu de nächsten dräi Deeg fannt Dir ëmmer am Détail an topaktuell ënnert dësem Link.

De Weekend an déi Zäit drop…

Wéi méi wäit uewen ugeschwaat, geet de Weekend d’Wahrscheinlechkeet vu Nidderschléi rem zréck. Sonn a Wollécke wiessle sech of, daat bei agréablen Temperaturen. Tësche 19 a 25 Grad wärte se am grousse ganze leien, woubäi de Maximum wuel éichter an der Südhalschend vum Land oder un der Musel ereecht gëtt. Sollt dann awer mol eng Schauer eroofkommen, dann handelt et sech em nët nennenswert Quantitéiten.

Waat déi Zäit drop betrëfft gesäit een um GEFS Ensemble, dass rem mat enger liichter Erwiermung gerechent gëtt. D’Temperature kënnen da rem an den 18 bis 25 Grad-Beräich klammen, Hëtzt ass keng a Siicht. Zäitgläich ginn et och ëmmer rem Signaler op Nidderschléi, déi virun allem vereenzelt an éichter a Form vu lokale Schaueren oder Donnerwiederen eroofkomme kënnen. Et schéngt kee laang unhaalende Landreen a Siicht ze sinn, wou daat ganzt Land gläichméissëg vill Reen ofkréie géif.

Waat de weidere Trend ugeet bleift et also bei engem Mix aus Sonn, Wollécken an eenzelne Schaueren oder och Donnerwiederen. D’Temperature sinn zwar ëmmer nach liicht iwwert der Moyenne, packen et awer nëmme nach rar op summerlech Werter. Den Hierscht kënnt, keng Fro.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)