Aussiichten: Enn vun der Hëtzt a Siicht?

Um Mëttwoch ass eng Stéierung a Form vun enger Kaalfront iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn. Dobäi huet virun allem de Südoste vum Land eppes ofkritt, iwwerdeems et op anere Plaatzen drëche bliwwen ass. Mee wéi geet et eigentlech a nächster Zäit a Saachen Drëchent an Hëtzt virun?

GFS 850 hPa Temperatur (wxcharts.eu)

Déi genee Prognosen vir déi nächst dräi Deeg sinn ënner folgendem Link ze fannen:

Hëtzt bleift nach e bëssen

Waat eis Temperaturen ugeet wärt et bis den 8. August mat enger zimmlecher Sëcherheet héichsummerlech waarem bleiwen. Virun allem am Süde vum Land kann et rem vir Werter vun iwwer 35 Grad duergoen, woubäi am Norden héchstens 33 oder 34 Grad ereecht ginn. Virun allem vum Donnëschde bis de Samsden wärt d’Hëtztbelaaschtung am ganze Land rem signifikant uklammen, daat duerch méigleg Maximalwerter vu bis zu 37 Grad. Ufanks der neier Woch soll et laut aktuelle Modellrechnunge rem minimal manner waarem ginn, woubäi d’Temperaturen ëmmer nach am héichsummerlëche Beräich rondremschwiewen.

Ab dem Méinde fléisse lues a lues rem méi waarem Loftmassen op Lëtzebuerg, wouduerch d’Temperature bis de Mëttwoch rem däitlech klamme kënne. Werter vu bis zu 35 Grad oder méi si plaatzeweis nachengkéier méigleg. Duerno gesäit et sou aus, wéi wann et definitiv vir e gréisseren Zäitpunkt méi kill gëtt. D’Temperature géife sech demno tëschent 24 a 27 Grad apendlen. Dësen Zäitraum soll aktuelle Modellrechnunge vum 9. August u lassgoen. Et besti nach e puer Onsëcherheeten, soudass de wierklech geneeën Oflaaf nach net gewosst ass. Et bleift also spannend.

Wéineg Nidderschléi

Nodeems um Mëttwoch net vill Reen beim Passage vun der Kaalfront eroofkomm ass, wärt et a nächster Zäit rem éichter guer net zu iergendenge Nidderschléi kommen. Bis den 8. August bleift et déi meecht Zäit drëchen a wann et mol naass gëtt, da just duerch déi eng oder aner vereenzelt Schauer oder och mol duerch en Donnerwieder. Bei dëse lokale Schlied kënnen zwar e puer Liter eroofkommen, allerdéngs geet daat nach laang net duer vir déi aktuell Situatioun vun der Drëchent ausgläichen ze kënnen. Daat waat Lëtzebuerg elo brauch ass flächendeckenden a méi laang unhaalende Landreen, ganz ouni Afloss vu méi kräftëge Schlied wéi Donnerwiederen.

Waat déi aktuell Modellrechnungen ugeet, kéint nach um 8. August selwer oder de 9. August e markante Kaalfrontduerchgang ustoen, bei deem d’Hëtzt verdrängt géif ginn an och gréisser Nidderschlagsquantitéiten eroofkomme géifen. Hei spillt awer leider rem d’Onsëcherheet eng Roll: Et ass nach e besse bis dohinner, soudass een dës Aussichte nach net confirméiere kann.

ICON akkumuléierte Nidderschlag (wxcharts.eu)

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Fazit:

Aus aktueller Siicht gesinn bleift et bis den 8. August mol nach sëcher waarem bis extrem waarem zu Lëtzebuerg, daat bei sou gutt wéi kenge Nidderschléi. Duerno kéint dann eng Zäit antriede, wou sou séier keng richteg waarem Loftmasse méi op Lëtzebuerg gezu kënne kommen. Dësen Trend muss awer nach virdéicht confirméiert ginn. Météo Boulaide hält Iech zu dëser Saach stännëg um Laafenden!