Aussiichten: Klenge Schauerrisk, summerlëch Temperaturen

An Tëschenzäit huet et rem e bëssen an eisem Ländche gereent. An de nächsten Deeg klammen d’Temperaturen erem, déi grouss Hëtzt bleift awer dëskéier aus.

GFS 850 hPa Temperatur (wxcharts.eu)

Summerlëch Temperature, wéineg Nidderschléi

An de nächsten Deeg komme rem méi waarem Loftmassen iwwert eise Käpp eragefloss, wouduerch d’Temperaturen um Buedem och klamme wärten. Sou kënnen um Mëttwoch scho rem Maximalwerter vu bis zu 25 Grad gemooss ginn, daat virun allem an der Südhalschend vum Land. Am Norde klammen d’Temperature nach net grad esou héich, 21 bis 24 Grad wärten do gemooss ginn.

Den Donnëschde gëtt viraussiichtlech de wärmsten Dag vun der Woch. Et ginn Daageshéchsttemperature vu 26 bis 30 Grad ereecht, virun allem laanscht d’Musel kann et och mol e Grad méi sinn. Et zéien e puer eenzel a kleng Wollécken duerch, déi awer harmlos sinn a kee Reen brénge wärten.

Kleng Ënnerbriechung

Um Freide gëtt de klenge Virstouss vu méi waarme Loftmassen duerch eng Kaalfront ënnerbrach, wouduerch et um Freide vir eng kuerz Zäit méi onbestännëg gëtt. An de fréie Moiesstonne kënnen duerch de Passage vun der Kaalfront Schaueren a plaatzeweis souguer Donnerwiederen optrieden. Daagsiwwer dauert et och nach e besse, bis sech déi méi déck Wollécke verzunn hunn. Soumadde wärten d’Temperature net méi grad esou héich klammen, daat gëllt virun allem vir de Norden. Do ass nach mat 20 bis 23 Grad ze rechnen, am Süde nach bis gutt 25 Grad. Ab dem spéidere Nomëtte kritt d’Sonn ëmmer besser Chance sëch weisen ze kommen.

Kaalfront um Freiden (wxcharts.eu)

Wéi geet et duerno weider?

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Duerchschnëttlech Temperaturen

Nodeems an der éichter Dageshalschend vum Freiden eenzel Schaueren oder och Donnerwiederen iwwert eis ewechgezu sinn, kënnt d’Sonn sech ëmmer méi weisen. An den Deeg drop klammen d’Temperaturen och rem no a no, soudass et Ufanks der nächster Woch rem mat Temperature vun ëm déi 30 Grad summerlëch waarem gi kann. Dobäi si nëmme wéinëg Nidderschléi ze erwaarden.

Ab dem 22. August ass de weidere Verlaaf rem däitlech méi onsëcher. Dem GEFS Ensemble no geet et entweder rem lues no ënnen mat den Temperaturen oder et gëtt däitlech méi waarem. Vun do un géif dann och de Risk vu Nidderschléi däitlech klammen, vill sollt awer net ze erwaarde sinn.