Aussiichten: Rouegt Wieder iwwert de Weekend

Wéi ugeschwat, beweegt sech vun den Azoren hier en Héichdrockgebitt an eis Richtungen.

Samsden, 23. Oktober 2021

De Samsdemoien ass et nach méi gro duerch e puer Wolleken a Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 6 an 8 Grad erop. Et gëtt no a no manner gro, d’Sonn kritt also a klenge Schrëtt besser Chancen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Südosten. Et zéie just nach e puer eenzel Wolleken duerch, virausgesat de Niwwel krut sech wéi virausgesot opgeléist. Reen ass keen ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, den Himmel kläert op. Eenzel Niwwelfelder sinn awer och erëm mat dobäi.

Sonnden, 24. Oktober 2021

De Sonndemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, et sinn awer och erëm plazeweis Niwwelfelder mat dobäi. D’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 5 a 7 Grad erop. Et ass frëndlech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 an 13 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd-Südosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech bei vill Sonn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, et bleift kloer bis liicht wollekeg.

Déi weider Deeg

Ufanks der nächster Woch deet sech net all ze vill. Um Méinden ass et am Ufank nach zimmlech frëndlech, ier am Laf vum Dag e puer Wolleken opkommen. De Reen sollt awer kee gréissert Thema ginn.