Aussiichten: Spéitsummer an der neier Woch

Wéi an de leschten Deeg betount, well eis de Summer net richteg verloossen. No dësem Weekend gëtt et rem Dag vir Dag méi waarem.

Temperaturanomalie op 2 Meter Héicht (wxcharts.eu)

De Simulatioune vum amerikanësche Wiedermodell GFS no géif eis um wärmsten Dag vun der nächster Woch eng Temperaturanomalie vu bis zu 8 Grad erwaarden. Daat heecht souvill, dass et op enger Héicht vun 2 Meter bis zu 8 Grad méi waarem gi kann, wéi et normalerweis zu dëser Joereszäit wier. D’Anomalie bezitt sech op déi lescht 30 Joer.

Hierscht kënnt nach net

De meteorologëschen Hierscht ass mëttlerweil 14 Deeg amgaangen, a 9 Deeg och de kalendarëschen. D’Wieder hält sech awer net dodrunner, wouduerch et an de nächsten Deeg nachengkéier richtëg schéin a spéitsummerlëch gëtt. Je no Entwécklunge si souguer rem knapp Héichsummerdeeg (also Deeg, un deenen d’Temperaturen op iwwer 30 Grad klammen) méigleg. Mee elo mol der Rei no:

Mat enger liichter Erwiermung geet et schon de Sonndën un. Et si rem Werter vun 20 bis 24 Grad ze erwaarde, laanscht d’Musel kann et mat Chance scho vir 25 Grad duergoen. Et si nëmme wéineg Wollécken ënnerwee a reene wärt et och net. Ab dem Méide si just zäitweis e puer kleng an harmlos Wollécken ënnerwee, déi d’Sonn awer net groussartëg stéiere wärten. D’Temperature klammen aktuelle Simulatioune no op 23 bis 26 Grad. Um Dënschden ass dann aus momentaner Siicht gesinn de wärmsten Dag ze erwaarden. D’Sonn huet d’Iwwerhand, et zéie rem nëmmen e puer harmlos a kleng Wollécken duerch an d’Temperature packen et op 26 bis 29 Grad. Je no Géigend wieren och mol een oder zwee Grad méi net auszeschléissen.

Ex-Tropestuerm HELENE net onschëlleg

Un dem kommenden Zoufloss vu waarme Loftmassen ass den zukunftëgen Ex-Tropestuerm HELENE net ganz onschëlleg. Zwar beaflosst de Stuerm eis a Saache Wand a Reen guer net, allerdéngs féiert en awer u sénger Virdersäit waarem Loftmassen, déi aus Spuenie kommen, an eis Richtungen. Lokal kënnen also queesch iwwer Mëtteleuropa verdeelt a nächster Zäit rem Werter vun ëm déi 30 Grad ereecht ginn, wa net souguer driwwer.

Zuchrichtung vum nach Tropestuerm HELENE. Ufanks der neier Woch soll en als aussertropëscht Déif d’britësch Inselen ereechen.

Duerch d’Verlagerung vum HELENE, ufanks lenks am Bild zegesinn, ginn waarem Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa geschëppt.