Aussiichten: Wiesselhaft mee zäitweis summerlëch

Grouss Hëtzt ass keng méi ze erwaarden, am Géigendeel: An Zukunft gëtt et wiesselhaft, d’Temperature packen et nëmme nach heiansdo an de summerlëche Beräich. Dobäi besteht virun allem Mëtt der Woch de Risk vu Wiederen.

Entwécklung bis de Mëttwoch, 29. August 2018 (wxcharts.eu)

Groe Start an déi nei Woch

Den éichten Dag vun der neier Woch präsentéiert sech vu sénger net sou schéiner Säit. Duerch e Frontesystem, deen iwwert eis ewechzitt, bleift et bis an de Nomëtten eran oft gro bei méiglege Schaueren. Bei 18 bis 22 Grad ass e frësche Wand ënnerwee, dee Spëtzte vu 40 km/h ereeche kann. En däitleche Kontrast bréngt dann awer schon den Dënschden: Mir geroode scho rem méi ënner Héichdrockafloss, wouduerch sech déi déck Wollécke verzéie wärten an eis Temperaturen och rem vir eng kuerz Zäit klammen. Virun allem an der Südhalschend vum Land kënne bis zu 26 Grad ereecht ginn, de Wand ass nëmme schwaach ënnerwee. Den détailléierte Verlaaf fannt Dir ënnert dësem Link.

Um Mëttwoch zitt, wéi op der Animatioun ze erkennen ass, en Déif aus Frankräich erop an d’Groussregioun. De geneeën Oflaaf ass nach net sëcher, mee dëst kéint eng Front bestoend aus kräftëge Schaueren an Donnerwiedere forméieren. Météo Boulaide bleift vir Iech un der Saach drun.

An duerno?

An der Zäit drop wärt et emmer rem virkommen, dass sech eenzel Déifdrockgebitter vir eng kuerz zäit duerchsetze kënnen, ier rem eng Héichdrockbréck zustaane kënnt. Dëst léisst dorop schléissen, dass et, trotz net all ze ville Nidderschléi, éichter wiesselhaft gëtt. Virun allem bis Enn der Woch kënnt et méi oft zu sonnëge Perioden, tëschenduerch kann et awer och kuerz reenen.

Um Mëttwoch klammen d’Temperaturen trotz ville Wollécke an der Wahrscheinlechkeet vun Donnerwiederen op Werter vu bis zu 25 Grad. Um Donnëschde wiessle sech Sonn a Wollécken of, just plaatzeweis gëtt et nach naass bei Werter vun ëm déi 22 Grad. Um Freiden an a Richtung Weekend besteht aus aktueller Siicht eng gréisser Chance, dass sëch d’Sonn rem kuerz besser duerchsetze kann bei 17 bis 24 Grad.

Ab dem 1. September, un deem de meteorologëschen Hierscht ugeet, gëtt et den Ensemblerechnunge no rem e besse méi waarem. A Richtung 4. September wieren dann demno wéi rem Temperature vu bis zu 26 Grad oder driwwer ze erwaarden, daat bei wéinëge Nidderschléi. Kuerz drop klëmmt d’Onsëcherheet sou staark, dass ee just spekuléiere kann, a wéieng Richtung et geet. Entweder d’Temperature bleiwe bei wéinëgem Nidderschlag op deem Niveau oder et geet lues a lues biergoof an et gëtt hierschtlech.

Ensemble bis den 11. September 2018 (meteociel.fr)