Australien: Damp vu Feier areecht Südamerika – 1,25 Milliarden Déieren dout

An Australie brennt et virun. Bisewell sollen em 10 Milliounen Hektar Bësch a Landfläch verbrannt sinn – dëst ass ongeféier sou grouss wéi ganz Éisträich.

D’Dampwollek kënnt a Südamerika un

Tëscht der Küst vun Australien an der Westküst vu Südamerika – méi genee gesot Chile – leie méi wéi 11.000 Kilometer. Déi massiv Dampwollek huet dës Distanz an Tëschenzäit zréckgeluecht an ass a Südamerika ukomm. Wéi d’Meteorologe vu Meteochile (Dirección Meteorológica de Chile) confirméieren, ass den Himmel iwwer Chile net méi kloer, mee gro. Och an Argentinie mecht sech den Damp bemierkbar: Dem nationale Wiederdéngscht vun Argentinien (Servicio Meteorológico Nacional) no ass d’Damp- a Stëbswollek a ronn 5 Kilometer Héicht ënnerwee. Gesondheetlech Problemer sollt et op Grond vun der Héicht awer net ginn. Den Himmel ass just méi gro a wärend de Sonnenop- an Ënnergang wier d’Sonn méi rouedelzech wéi soss.

D’Satellitebild weist, wéi den Damp a Südamerika ukënnt (Direccion Meteorologica de Chile)

1,25 Milliarden Déieren dout

Wéi d’WWF Australie matdeelt, solle Héichrechnunge no 1,25 Milliarden Déieren zanter den Ufäng vun de Bränn am September 2019 entweder direkt oder indirekt duerch d’Naturkatastroph ëmkomm sinn. Dës Berechnung baséiert op enger spezieller Methodik, déi vum Professor Chris Dickman un der Universitéit vu Sydney ugewandt ginn ass. Genee Zuele sinn op Grond vum massiven Ausmooss schwéier ze nennen. Et misst ee waarde, bis sech d’Situatioun berouegt huet. Fir ze weise, wéi schlëmm d’Bränn wierklech sinn: bis ewell ass an Australie méi Landfläch verbrannt wéi bei de Bränn am Amazonasgebitt an a Kalifornien zesummen.

Bränn wéi dës kënnen duerch de Klimawandel an Zukunft méi oft virkomme – wann och ënnert anerem am Fall Australien Medieberichter no méiglecherweis bal d’Halschend vun de Bränn geluecht gi sinn.

Tropestuerm BLAKE keng grouss Hëllef

De Nordweste vun Australien huet et de Moment mat engem Tropestuerm ze dinn, dee bis gëschter nach dem Equivalent vun engem Hurrikan vun der éischter Stuf op der Saffir- Simpson Skala entsprach huet. De Wand packt et nach op ëm 100 km/h, méi interessant ass de Reen. Modellrechnunge no kommen a verschidde Géigende wéi z.B Newman, Marble Bar a knapp westlech vum Karlamilyi National Park Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 40 a 150 l/m² zesumme, lokal och bësse méi. De Stuerm bréngt de Reen awer leider op déi falsch Plaz. D’Bëschbränn wäerte vum ville Nidderschlag näischt ofkréien.

Grafik: Bureau of Meteorology

Pyrocumulonimbus suerge fir potenziell weider Bränn

Dëst heescht awer net, dass et am Südoste vun Australien zu guer kenge Nidderschléi kënnt. Duerch déi enorm Pyrocumulus- a Pyrocumulonimbus- Wolleken entstinn ëmmer rem punktuell Schaueren a Wiederen, déi op klengem Raum fir Nidderschlagsakkumulatioune suergen. Oft forméiere sech awer Donnerwieder – d’Blëtzer dovu kënnen ëmmer rem nei Bränn entfachen a soumat quasi e Prozess ausléisen, dee sech selwer verstäerkt.

Iwwert de Weekend gëtt et rem bësse manner waarm, ier et am Laf vun der nächster Woch rem méi waarm soll ginn. Et kann also sinn, dass d’Bränn nach eng gutt Zäit en Thema wäerte sinn.