Australien: Temperaturen erreechen Hëtzt-Rekord aus dem Januar 1960

Iwwerdeems d’Wieder heiheem zimmlech roueg ass, kuckt déi ganz Wieder-Welt de Moment op Australien.

Sou waarm wéi zanter Januar 1960 net méi

A groussen Deeler vun Australien ginn de Moment immens héich Temperature gemooss. Am Weste vum Land, an der Regioun Pilbara bei Onslow, si gëschter um Donneschden, 13. Januar 2022, 50,7 Grad gemooss ginn. Genee de selwechte Wäert gouf den 2. Januar 1960 zu Oodnadatta am Süde vun Australie gemooss ginn, wat déi héchst jeemools gemoossen Temperatur an Australien an och der gesamter Südhallefkugel markéiert.

Och weider Géigenden an de Gemengen Pilbara, Mardie an Roebourne sinn um Donneschde méi wéi 50 Grad gemooss ginn. Klimaanlage falen aus, d’Awunner zéie sech an hir Haiser zréck.

An de nächsten Deeg solle Nidderschléi am Weste vum Land weiderhi gréisstendeels aus bleiwen.