Beekbergen, Apeldoorn: Iwwerschloe Roulotte, entwuerzelt Beem & Schued u Gebaier duerch Tornado

Am Virmëtten hat sech zu Beekbergen, direkt bei Apeldoorn, en Tornado forméiert. Ënnert anerem huet en Auto op der Autobunn Buedemkontakt verluer, wéi de Wirbel direkt iwwert en ewechgezu war. D’Roulotte dovun hat sech direkt e puer mol iwwerschloen

Advertisement

Tornado u staarker Schauerzell entstanen

Radarbiller no hat sech kuerz virun 10:50 Auer de Moien eng méi kräfteg Schauerzell knapp südwestlech vun Apeldoorn forméiert. Tëscht 11:00 an 11:15 Auer hat sech un dëser Zell en Tornado forméiert, deen virun allem am Raum Beekbergen fir gréissere Schued gesuergt hat. De Fluch war séier eriwwer, allerdéngs ass gréissere Schued u Gebaier & Beem entstanen.

Op enger Autobunn fir op Apeldoorn selwer ass en Auto mat senger Roulotte direkt vum Tornado erfaasst ginn. Dësen hat dunn de Buedemkontakt verluer, iwwerdeems sech d’Roulotte dovun direkt e puer mol iwwerschloen hat.

Weider Détailer si nach net bekannt.