Bei Hëtzt: E puer Tipps fir agréabel Temperaturen am Haus

Et ass richteg waarm. D’Hëtztwell suergt net nëmme fir héich Temperaturen dobausse, mee och am Haus oder an der Wunneng kann et richteg ongemittlech waarm ginn.

E puer Tipps, fir et méi agréabel am Haus / der Wunnéng ze hunn

E Raum erwiermt sech virun allem, wann eng Fënster no baussen oder eng Dier grouss opsteet. Et sollt een dohier am beschten an de spéideren Owesstonnen eréischt lëften, wann d’Sonn amgaangen ass ënnerzegoen oder nach méi spéit. Moies, wann een aus dem Haus geet, soll een se erëm zoumaachen.

Dagsiwwer, wann d’Sonn op d’Fënstere knallt, erwiermt sech d’Haus trotzdeem. Dohier gëtt recommandéiert wann et geet, d’Rollueden oder aner Methoden, déi d’Sonn dru stéieren, direkt eranzeschéngen, unzewenden. Sou kënne bis zu 75 % vun der Sonnenastraalung reduzéiert ginn an d’Wiermt gëtt erëm no baussen ofgestraalt.

Fir et wierklech effektiv frësch an aushalbar am Raum ze hale, gëtt et keng besser Méiglechkeet wéi déi, sech eng Klimaanlag zouzeleeën. Allerdéngs sollt een drun denken, dass esou e Gerät vill Stroum verbraucht an dem entspriechend vill kaschte kann, net nëmme beim Kaf. Mat dobäi kënnt, dass een e Schlauch fir d’Ofloft duerch eng oppe Fënster oder Dier no bausse leeë muss.

Hëllefen deet och, iwwerflësseg ugeschalt elektronesch Geräter einfach auszeschalten. Des straalen oft eng markant Eegewiermt of, déi de Raum zousätzlech erwierme kënnen. Dozou ziele Bildschirmer, Computeren, Fernsehen a weider Géigestänn, déi vill Stroum friessen an am Alldag gebraucht ginn, wéi z.B och Kichegeräter.

Waat een och nach maache kann ass sech eng Wiermfläsch (Boule) huelen a se mat kaalem Waasser fëllen. Wann ee se tëscht seng Uewerschenkel leet, verdeelt sech d’Keelt iwwert d’Blutt gläichméisseg am ganze Kierper. Et sief awer gesot, dass d’Waasser och net ze kill soll sinn, well dëst dann fir e géigendeelegen Effekt suerge kann.