Bei wäitem méi Schnéi wéi erwaart: Réckbléck op eng spannend Nuecht

Den een oder aneren huet de Moie net schlecht gestaunt, wou en aus der Fënster gekuckt huet.

Randdéif huet eege Show ofgezunn

Um Mëttwoch ass op dëser Plaz déi éischt Kéier iwwer wanterlech Zenarie fir de Weekend geschriwwe ginn. D’Situatioun huet um Donneschden ugefong méi konkret ze ginn, allerdéngs nach net konkret genuch. De Grond: mir haten et mat engem Randdéif ze dinn, och nach “Schnellläufer” genannt. Dës ganz kleng Déifdrockgebitter zéien immens séier vu Plaz a sinn duerch déi zwee Faktoren schwéier fir d’Modeller ze simuléieren a vum Mënsch virauszesoen. An engem detailléierte Fuerplang hu mir um spéidere Freidenowend zesummen e Fazit ausfanneg gemaach, wou mir bei engem duerchschnëttleche Maximum vun tëscht 3 a 6,75 cm fir d’Koppe vum Land erauskomm sinn. Den absolute Maximum dee vun de Modeller berechent gouf war bei ëm 11 cm. Dass mir haut de Moien awer plazeweis 20 Zentimeter a liicht driwwer virun der Dier leien hunn, dat koum tatsächlech onerwaart. D’ASTA-Wiederstatioun zu Reiler huet an der fréier zweeter Nuetshallschent och eng Schnéicouche vun 20 cm gemooss.

De Grond dofir ass deen, dass d’Randdéif méi kräfteg ausgefall ass wéi simuléiert. Den zweete Punkt: et gouf laang iwwert déi exakt Positioun vum Kär vum klengen Déif diskutéiert. Pro potenziell Positioun gouf en Zenario ausgemoolt, woubäi am Endeffekt keent vun dësen ëmgesat gouf. Schlussendlech ass d’Randdéif quasi direkt mam Kär iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn. Zesumme mat der opgetruedener Intensitéit konnten esou däitlech méi héich Quantitéiten zesummekomme wéi geplangt – am Norden!

Am Süden hate mir manner Chance, well den Zentrum vum Déif quasi direkt driwwer louch. Sou gouf de Gros vum Nidderschlag ronderëmt de Kär vum Déif geleet, iwwerdeems et ënnert dem Kär zu däitlech manner Nidderschléi komm ass. Och d’Temperaturen hu net matgespillt; op der Musel sinn nuetsiwwer deels bis zu 4 Grad nach gemooss ginn. Vun de Schnéiquantitéiten hier läit am äusserste Südwesten gréisstendeels näischt, dat selwecht gëlt fir d’Muselgéigend. Soss krut ech vun den Unhéichten awer mol tëscht 1 a 5 cm eragemellt.