
Zu Lëtzebuerg kann et vum spéidere Nomëtten un zwar och zu potenziell a lokal warnrelevanten Donnerwieder kommen, mee vill méi ass haut op de NO/O vu Frankräich, de N/NW vun der Schwäiz, Baden-Württemberg & Bayern ze kucken – dës Géigende kréien et mat enger immens geféierlecher Wiederlag ze dinn.
Donnerwiederrisk zu Lëtzebuerg
Haut besteet erëm en Donnerwiederrisk zu Lëtzebuerg. Punktuell kann et vum Nomëtten u fir eenzel Entwécklungen duergoen, déi och mol méi kräfteg kënnen ausfalen. Dat mat Staarkreen, Stuermstéiss & Knëppelsteng. Am Worst Case kënnen d’Knëppelsteng 3 cm grouss ginn, d’Iwwerschwemmungsgefor an d’Luucht goen & Stuermstéiss vun ëm 90 km/h optrieden. Et kann een awer nach net sécher soen, ob dat bei eis geschitt oder an eiser direkter Groussregioun.
De Fokus läit bei eise Noperen!
Lëtzebuerg spillt zimmlech um Rand mat, trotz de punktuell net onméiglechen Donnerwieder. Iwwert dem Nordoste vu Frankräich, dem Nordwesten a Norde vun der Schwäiz, dem Alperand, Baden-Württemberg & Bayern besteet den héchste Risk fir extreem Phänomener. D’Modeller rechne mat engem groussen Donnerwiedersystem (MCS = Mesoscale Convective System), deen am Laf vum Owend/spéideren Owend/Nuecht vu Frankräich hier soll a Richtung Süddäitschland zéien. Eenzel Modeller rechnen esouguer domat, dass de System zu engem sougenannten “Derecho” kéint ginn, dat mat Orkanstéiss bis 130 km/h – am Worst Case wieren esouguer ganz lokal begrenzt 150 km/h oder méi net onméiglech.

Et trëfft NET jiddereen esou hefteg, mee do wou et geschitt muss mat groussem Schued gerechent ginn!
Dëst ass eng eeschtzehuelend Informatioun. Wa Dir Leit kennt, déi an de genannte/markéierte Géigende wunnen oder an der Vakanz sinn, da gitt dës Info direkt virun.