Bilan: An der vergaangener Nuecht huet et plazeweis vill gereent

An der vergaangener Nuecht huet eis eng Kalfront gréisser Reenzomme bruecht, mee dat nach laang net iwwerall.

Am Südoste war et am naassten

Déi Géigend, déi an der Nuecht am meeschte Reen ofkritt huet, war de Südoste vum Land. Un zweeter Plaz ass den äusserste Norden an de Nordosten, iwwerdeems alles dotëscht däitlech méi dréchen ewechkomm ass. Dëst sinn déi héchst Reenzommen aus de leschten 12 Stonnen:

  • Remerschen/ASTA: 31,5 l/m²
  • Réimech/ASTA: 27,0 l/m²
  • Schengen: 25,9 l/m²
  • Stadbriedemes/ASTA: 23,8 l/m²
  • Esch-Sauer/ASTA: 21,8 l/m²
  • Réiser/ASTA: 21,7 l/m²
  • Trënteng/ASTA: 21,2 l/m²
  • Beetebuerg/ASTA: 21,1 l/m²
  • Aasselbuer/ASTA: 20,6 l/m²
  • Wëntger/ASTA: 20,5 l/m²
  • Béiwen: 20,4 l/m²

De nächste Reen ass an der Nuecht op den Donneschden ze erwaarden – et ass den Ufank vun enger weiderer Phas, wou et erëm méi oft zu Schauere komme kann. De Mëttwoch ass domat also de warscheinlech dréchensten Dag vun der Woch.