Bilan August 2023: Liicht ënnerduerchschnëttlech Temperaturen & e gutt Stéck ze naass

Ier mir eis an engem aneren Artikel de ganze Bilan iwwert de meteorologesche Summer 2023 ukucken, blécke mir fir d’Éischt nach eng Kéier zréck op den August.

Advertisement

Advertisement

En zimmlech variablen August

De staatleche Wiederdéngscht huet seng August-Donnéeën zu der Wiederstatioun um Findel verëffentlecht – Zäit, e Bilan ze zéien.

D’Temperatur

Iwwert de Mount gekuckt louch d’Duerchschnëttstemperatur bei 17,8°C, wat 0,6°C ënnert dem Wäert aus der Referenzperiod vu 1991-2020 läit. Et war also liicht ënnerduerchschnëttlech waarm. Déi héchst Temperatur gouf et den 20. August mat 29,2°C, déi Nidderegst an der Nuecht op den 31. August mat 7,9°C.

Wa mir nach eng Kéier zréck op d’Moyenne kommen: Der aler Referenzperiod no, also déi, déi vu 1981 – 2010 gaangen ass, louch déi duerchschnëttlech August-Temperatur zu Lëtzebuerg bei 17,7°C, wat am Verglach mam August 2023 also eng Differenz vu just +0,1°C ausmécht. Et kann een also soen, dass den August 2023 reng vun der Temperatur hier esou “wéi deemools” ausgefall ass – wat awer däitlech weist, dass d’Temperaturen am Laf vun de Joren definitiv geklomme sinn.

De Reen

Wat de Reen betrëfft, huet et um Findel 116,6 l/m² gereent amplaz 71,9 l/m² – dëse Referenzwäert baséiert och op der laangjäreger Moyenne. Mat enger Differenz vu +44,7 l/m² war den August also däitlech ze naass. Dës Reenzommen sinn iwwer 16 Deeg verdeelt erofkomm (Reen-Deeg = Deeg, un deenen et op d’mannst 0,1 l/m² gereent huet).

D’Sonnestonnen

D’Sonn huet am August 207,7 Stonne geschéngt – kléngt no vill, war awer och ënnerduerchschnëttlech. Normalerweis ginn dëse Mount 237,1 Sonnestonnen gezielt.

D’Schlusswuert

Wéi gesot, dës Donnéeë bezéie sech just op d’Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht – un anere Statiounen am Land gouf et mat Sécherheet gréisser Ënnerscheeder.

Demnächst huele mir eis an engem weideren Artikel déi ganz Summersaison ënner d’Lupp a klären, ob en dann wierklech esou miserabel war, wéi et gär behaapt gëtt.