Bilan: De Februar 2022 war ze waarm & ze naass

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel war de Februar ze waarm, mee awer och en Tick ze naass.

Keng Chance fir schnéiräicht Wieder

De Februar 2022 huet definitiv net all ze laang wanterlech Perioden zougelooss, zumools a Saache schnéiräichen Perioden. Kee Wonner: et war an der Moyenne e Stéck ze waarm. Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux louch déi duerchschnëttlech Temperatur am Februar bei 4,5 Grad – bezunn op d’Referenzperiod vun 1991-2020 sinn et 2,2 Grad. Heescht also, dass de Februar 2022 ëm 2,3 Grad ze waarm ausgefall ass. De wäermsten Dag war de 9. Februar mat 12,0 Grad, déi keelst Temperatur gouf den 12. Februar mat -3,8 Grad gemooss.

Wat de Reen ugeet, ware mir iwwerduerchschnëttlech ënnerwee. An der Moyenne hu mir an engem Februar 59 l/m² Nidderschlag, am Februar 2022 koumen awer 72,4 l/m² vum Himmel gefall – wat eng Differenz vun 13,4 l/m² ausmécht. De meeschte Reen an Zäit vu 24 Stonne gouf et de 7. Februar mat 27 l/m². U 16 Deeg huet et am Februar 2022 op mannst 0,1 l/m² gereent.

Mat dobäi kënnt, dass de Februar 2022 en zimmlech leftege bis stiermesche Mount war. Um Findel war de stäerkste Wandstouss e schwéiere Stuermstouss vun 90,7 km/h, gemooss den 21. Februar duerch d’Orkandéif ANTONIA. Dass de Mount räich u Wand a Stuerm war, weisen och d’Miessungen iwwert de Loftdrock: de Minimum waren 999,8 hpa den 18. Februar. Och wann den déiwe Loftdrock iwwert de Mount dominéiert huet, hate mir dotëscht och méi héichdrock-gepräägt Momenter. Sou wéi den 11. Februar, wou um Findel 1036,5 hPa gemooss goufen.

Trotz engem ze naasse Mount war de Februar awer och e bësse méi sonneg wéi soss. 95,1 Stonne laang huet se um Findel geschéngt, 79,5 Stonnen ass den 20 järegen Duerchschnëtt.