Bilan: De Juni 2023 war de wäermsten a sonnegsten zanter Opzeechnungsufank

De Juni 2023 geet an d’Geschichtsbicher an – dat fir seng immens héich Duerchschnëttstemperatur, mee awer och d’Sonnestonnen.

Advertisement

Zesumme mat 2003 wäermste Juni vun allen Zäiten

De Juni 2023 deelt sech elo mat dem vun 2003 déi éischt Plaz vum wäermste sechste Mount zanter Opzeechnungsufank um Findel. Och wat d’Sonnestonnen ugeet ass e neien Allzäitrekord opgestallt ginn & wat de Reen betrëfft war et och erëm vill ze dréchen. Et war en immens markante Mount.

Wa mir méi genee bei den Temperaturen ufänken, da war et de 25. Juni mat genee 30°C um Findel am wäermsten. Déi nidderegst Temperatur ass an der Nuecht op den 2. Juni opgetrueden, dat mat genee 10°C. Iwwert de ganze Mount gekuckt louch d’Temperaturmoyenne bei 19,8°C. Fir et ze verdäitlechen: Mat der Referenzperiod vu 1991-2020 verglach läit d’Juni-Moyenne normalerweis bei 16,7°C. De Mount war also ëmt e villfaches ze waarm. Dat net, well mir immens héich Maximaltemperaturen erreecht hunn, mee einfach, well sech d’Temperature generell déi meescht Zäit wäit iwwert dem Duerchschnëtt opgehalen hunn. Am Endeffekt war et zesumme mat 2003 de wäermste Juni vun allen Zäiten.

Wat de Reen betrëfft, hat et de Findel mee och aner Deeler vum Land mat engem immensen Defizit ze dinn. Alleng um Findel si vun den duerchschnëttleche 75,6 l/m² just 16,6 l/m² erofkomm. Reen-Deeg gouf et der just 10, normal sinn et der 13.

An da komme mir bei de nächsten Allzäitrekord: D’Sonn huet um Findel ganz 337,8 Stonne laang geschéngt, normal sinn et awer just 241,2. Domat ass den ale Rekord vum Juni 1976 mat deemools 334,2 Stonnen ëmt e Stéck ofgeléist ginn.

Donnéeën: MeteoLux