Bilan: De Mäerz 2023 war virun allem en immens naasse Mount

De Mäerz ass temperaturméisseg zwar e normale Mount gewiescht, huet eis dofir awer uerdentlech eppes vun uewe bruecht.

Advertisement

Manner Sonnestonnen, minimal ze mëll mee vill ze naass…

… esou kann een de Mäerz a kuerzer Form zesummefaassen. Mir kucken eis elo verschidden Donnéeën un, virun allem déi vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel.

Déi héchst Temperatur ass den 30. Mäerz mat 15,0 Grad opgetrueden, iwwerdeems déi nidderegst Temperatur bei -3,3 Grad louch – dat direkt den 1. Mäerz. Op de ganze Mount gekuckt komme mir bei enger Moyenne vu genee 6 Grad eraus, wat den Duerchschnëttswäert vu 5,7 Grad ëm nëmme 0,3 Grad iwwertrëfft.

Wat de Reen betrëfft hu mir jo, wéi gesot, eng gréisser Anomalie erlieft. Um Findel sinn 105,8 l/m² erofkomm, woubäi 57 l/m² eigentlech normal gewiescht wieren. Dëst ass en Iwwerschoss vu 48,8 l/m²! Och am ganze Rescht vum Land war et däitlech ze naass, de meeschte Reen ass virun allem am Westen erofkomm. De Radardonnéeë no leien d’Zommen tëscht 150 an 190 l/m², iwwerdeems aner Géigenden am Land tëscht 120 an 150 l/m² ofkruten. Am “dréchenste” war et am äusserste Süden a Südoste mat 100 bis 120 l/m². Reeméisseg ware mir am Mäerz also gutt versuergt.

A Saache Sonnestonne si mir ënnerduerchschnëttlech dovukomm, dat mat 100,2 Stonnen amplaz 137,1 Stonnen.

Donnéeên: MeteoLux, Kachelmannwetter, Deutscher Wetterdienst