Bilan: De Mee 2022 war ze waarm a vill ze dréchen

De meteorologesche Mount Mee ass op en Enn gaangen – an dat ze waarm a vill ze dréchen.

Ze waarm, ze sonneg, ze dréchen

De Mee ass haaptsächlech, och ganz ouni meteorologesch Miessungen, virun allem a Saache Reen opgefall – et war däitlech ze dréchen. Dëst beleeën dann och elo d’Donnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht vum Findel. Et goufe grad emol 29,8 l/m² Reen gemooss, normalerweis reent et an engem duerchschnëttleche Mee awer 71,2 l/m². Et war awer bei wäitem net den dréchenste Mee: 1988 si grad emol 7,4 l/m² gezielt ginn. Am vergaangene Mee gouf et just 7 Deeg, un deenen et op mannst 0,1 l/m² gereent huet, normal wieren awer 14 Deeg. De leschte Mount gouf also grad emol d’Hallschent u Reen-Deeg erreecht. Dës an och déi nächst Wäerter, déi mir an dësem Artikel begéine wäerte, baséiere sech op der Laangzäitmoyenne vun tëscht 1991 an 2020.

Wat d’Temperature betrëfft, si mir och mat enger liicht positiver Anomalie aus dem Mount erausgaangen. Et ass eng Moyenne vu 15,7 Grad gemooss ginn, normal wieren 13,5 Grad. De Mee war um Findel also 1,9 Grad ze waarm. Dat kléngt net no vill – et soll een awer drun denken, dass dëst en Duerchschnëttswäert ass, wat deem ganzen awer schonn erëm méi Gewiicht gëtt. Déi héchst Temperatur gouf et de 19. Mee mat 28,7 Grad, déi nidderegst mat 4,7 Grad um 1. Mee.

Wat d’Sonnestonnen ugeet, si mir och gutt versuergt ginn. Dës huet wärend 310,1 Stonn geschéngt, iwwerdeems déi laangjäreg Moyenne grad emol bei 226,3 Stonne läit. Dëst toppt awer bei wäitem net de sonn-räichste Mee aus dem Joer 1989, an deem d’Sonn genee 356 Stonne laang ze gesi war.

Gi mir weider bei de Wand. Dëse war, ausser am Beräich vun eenzelnen Donnerwieder, net weider opfälleg. Den 20. Mee 2022 ass um Findel eng Wandspëtzt vu 59,4 km/h gemooss ginn.