Bilan: De Mee 2023 war ze dréchen, mat enger grousser Ausnam

Am Laf vum Mee hat sech ëmmer méi e Reendefizit iwwer Lëtzebuerg agestallt. Immens lokal begrenzt ass et trotzdeem fir zesummegerechent iwwer 100 l/m² duergaangen, dat duerch en onwiederaartegt Donnerwieder am Nordwesten.

Advertisement

Duerchschnëttlech waarm, ënnerduerchschnëttlech vill Reen

Déi elo genannt Donnéeë bezéie sech haaptsächlech op de Site vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. Wann aner Géigende gemengt sinn, gëtt dat nach eng Kéier extra betount.

Am Mee 2023 ass um Findel eng Maximaltemperatur vu 24,5 Grad opgetrueden, dat den 28. Dag. De Minimum ass den 3. Mee mat 2,1 Grad gemooss ginn. Am Endeffekt ass eng Moyenne vun 13,7 Grad erauskomm, wat nëmme 0,2 Grad iwwert der Klima-Moyenne (Ref.: 1991-2020) läit. Temperaturméisseg ass de Mee also zimmlech normal gewiescht – well déi vergaange Joren awer däitlech méi waarm ware kéint een awer vum Gefill hier mengen, et wier vill ze kal gewiescht. D’Wouerécht ass awer déi, dass mir et elo mol eng Kéier mat normale Wäerter ze dinn haten.

Wat de Reen betrëfft huet et um Findel 22,6 l/m² gereent, dat iwwer 8 Deeg verdeelt. Mam Etabléiere vun engem gréisseren Héichdrockgebitt ass et a Richtung Juni ëmmer méi dréche ginn, wouduerch och en Defizit opgetrueden ass. Normal fir e Mount Mee sinn um Findel nämlech 71,2 l/m².

Beim Stau plazeweis méi wéi 120 l/m² Reen op de Mount gekuckt

Eenzel Géigenden am Norden stiechen awer besonnesch eraus: Un der ASTA-Statioun zu Harel waren duerch en Donnerwieder an Zäit vun zwou Stonnen 52,1 l/m² Reen vum Himmel komm. Och zu Bärel huet eng privat Wiederstatioun 39,6 l/m² a kuerzer Zäit gemooss gehat. D’Konsequenz waren Iwwerschwemmungen, Bulli an de Stroossen a vun Tarchamps ass esouguer e Keller mat Waasser gemellt ginn.


Donnéeë vun der ASTA-Statioun zu Harel direkt aus dësem Donnerwieder | Source: AgriMeteo

Ze nenne wier och, dass dëst Donnerwieder vun offizieller Säit net bewarnt war. Folgend Warnung war säitens Météo Boulaide iwwer Social Media, gratis App (Push Noricht) & Website aktivéiert ginn, soubal d’Zell de warnrelevante Status erreecht hat:


Warnung fir déi besot Donnerwiederzell, esoubal se d’Warnschwellen erreecht hat. D’Ugab vun den 30 l/m² war op klengstem Raum, wéi eben Bärel & Harel, esouguer iwwertraff ginn.

Zesummegerechent stécht den Eck Schumann, Harel a Bärel immens eraus. De Radardonnéeë no sinn iwwert de ganze Mee gekuckt an dësem Beräich ongeféier 123 l/m² Reen vum Himmel komm.

Sonnestonnen

Zréck op de Findel: Am Mee 2023 huet d’Sonn 272,8 Stonne geschéngt, wat mam Duerchschnëttswäert vun 226,3 Stonne verglach also en uerdentlechen Iwwerschoss ass.

Donnéeën: Kachelmannwetter, MeteoLux, AgriMeteo, Météo Boulaide