Bilan: Den Abrëll 2023 war liicht ze kill an och e bëssen ze naass

Am Abrëll hu sech d’Temperature nawell zréckgehalen an och de Reen huet sech méi gewise wéi soss.

Advertisement

Liicht ze kill, bëssen ze naass an däitlech manner Sonnestonnen…

… esou war de meteorologeschen Abrëll a kuerze Wierder zesummegefaasst. Mir kucken eis awer elo e bësse méi am Détail un, wéi den Abrëll zu Lëtzebuerg war. Dofir baséiere mir eis op d’Donnéeë vum staatleche Wiederdéngscht um Findel.

Déi héchst Temperatur ass den 28. Abrëll mat 19,2 Grad opgetrueden, iwwerdeems déi nidderegst Temperatur bei -3,3 Grad louch – dat de 4. Abrëll. Op de ganze Mount gekuckt komme mir bei enger Moyenne vu genee 8 Grad eraus, wat den Duerchschnëttswäert vu 9,6 Grad ëm 1,6 Grad ënnertrëfft.

Wat de Reen betrëfft war et en Tick méi naass wéi dat normalerweis an engem Abrëll de Fall ass. Um Findel si 64,4 l/m² erofkomm, woubäi 49 l/m² eigentlech normal wieren. Dësen Iwwerschoss vu 15,4 l/m² ass zwar nennenswäert, mee net besonnesch markant. Och am ganze Rescht vum Land war et ze naass, de meeschte Reen ass virun allem am Westen/Nordwesten erofkomm. De Radardonnéeë no leien d’Donnéeën do uewe bei tëscht 70 a knapp 80 l/m², iwwerdeems aner Géigenden am Land tëscht 50 a 70 l/m² ofkruten. Wéi och am Mäerz ware mir also och elo am Abrëll gutt versuergt, wat de Reen betrëfft.

D’selwecht wéi am Mäerz huet d’Sonn am Abrëll och net esou laang geschéngt wéi am Duerchschnëtt. Gezielt goufen 156,1 Sonnestonnen, d’Abrëll-Moyenne läit awer bei 197,5 l/m².

Donnéeën: MeteoLux, Kachelmannwetter