Wärend den éischten zwou Woche vum Abrëll sinn d’Temperaturen ëmmer erëm iwwerduerchschnëttlech ausgefall, ier et dunn fir déi zweet Hallschent genee ëmgekéiert war.
Advertisement
Zwee Extreemer suergen fir neutral Duerchschnëttswäerter
An engem Abrëll läit d’Duerchschnëttstemperatur zu Lëtzebuerg bei 9,6°C, baséierend op der laangjäreger Moyenne vu 1991-2020. An dësem Abrëll war déi éischt Hallschent zimmlech iwwerduerchschnëttlech – tëschenzäitlech hate mir Peaks vu bis zu 25°C, wéi beispillsweis den 8. Abrëll. E weidere vill ze waarmen Dag war den 13. Abrëll mat änlechen Temperaturen, déi awer méi groussflächeg opgetruede sinn. An der zweeter Hallschent vum Mount ass et wäit zréckgaangen, mir hunn et op ville Plaze mol net méi op 10 oder 15 Grad gepackt. An de Nuechten war esouguer erëm Frascht dobäi, och de Schnéi konnt sech tëschenzäitlech weise kommen. Eréischt vum 26. Abrëll un si mir erëm ënnert eng méi mëll Stréimung geroden, déi eis den 30. Abrëll erëm Summertemperature vu 25°C zréckbruecht huet.
Et sief ze betounen, dass mir am Abschnitt uewendriwwer haaptsächlech e puer Peaks beliicht hunn. De Message ass deen, dass et bis de 16. Abrëll vill ze waarm war an duerno vill ze kill. Dëst sinn definitiv zwee Extreemer an déi zwou Richtungen, mee wann een elo de Mount als Ganzes kuckt an den Duerchschnëtt zitt, da komme mir bei enger Moyenne vu 9,5°C beim staatleche Wiederdéngscht um Findel eraus – wat also quasi duerchschnëttlech ass a Relatioun zur momentaaner Laangzäitperiod.
Schonn erëm en ze naasse Mount
An engem Abrëll reent et un der Referenzstatioun duerchschnëttlech 49 l/m², dës Kéier waren et 56,2 l/m² – eng kleng positiv Anomalie also. Dëse Reen ass iwwer 16 Deeg verdeelt erofkomm. Op dat ganzt Joer gekuckt war nach bis ewell all Mount en ze naassen: Am Januar waren 92,4 l/m² gefall (laangjäreg Moy.: 72 l/m²), am Februar 103,2 l/m² (laangjäreg Moy.: 59 l/m²) an am Mäerz 73,6 l/m² (laangjäreg Moy.: 57 l/m²). Jo, dat ass gutt fir eis Grondwaasser-Reserven, mee dat verhënnert trotzdeem net de Risk vun enger Dréchent an den iewechte Schichten, falls et am Summer zu enger festgefuerener Omega-Héichdrockwiederlag sollt kommen.
Fir ofzeschléissen dann nach d’Sonnestonne vum Abrëll: Gezielt goufen 130,7 Sonnestonnen, d’Moyenne läit awer bei 197,5 Stonnen.