Bilan: Den Abrëll 2025 war däitlech ze naass an ze mëll

De Reen huet zwar bis den 13. Abrëll op sech waarde gelooss, huet duerno awer den Defizit gutt opgefëllt – mir sinn esouguer iwwert d’Zil erausgeschoss.

Advertisement

An der Bauschelter Gemeng war et vill ze naass

Ier mir eis mat den Donnéeë vum Findel beschäftegen, konzentréiere mir eis fir d’éischt op d’Donnéeë vun eise Statiounen an der Gemeng Bauschelt. An engem Abrëll läit déi duerchschnëttlech Temperatur un eiser Referenzstatioun zu Baschelt bei 8,41°C, iwwerdeems et 35,78 l/m² reent. Dës Duerchschnëttswäerter baséieren op der Period vun 2012 bis 2022, eiser interner Referenzperiod (d’Statioun mësst eréischt zanter Enn 2011).

Baschelt

An dësem Abrëll huet d’Statioun zu Baschelt eng Maximaltemperatur vu 24,8°C gemooss, dat den 30. Abrëll. De nidderegste Wäert ass um fréie Moie vum 8. Abrëll opgetrueden, dat mat -1,7°C. D’Temperaturmoyenne vum Mount louch bei 10,4°C, wat 1,99°C iwwert eisem Normalwäert läit. De Mount war also e gutt Stéck ze mëll.

A Saache Reen sinn zu Baschelt 63,8 l/m² erofkomm – an dat opwuel et bis den 13. Abrëll gedauert huet, dass et mol iwwerhaapt nennenswäert an eisem Land gereent huet. Doduderch, dass et schonn wärend de leschten Deeg vum Mäerz esou dréche war, war ufanks e weidere, vill ze dréchenen Abrëll gefaart ginn. Trotz dem groussen Defizit si mir am Endeffekt iwwert eist Zil erausgeschoss, de Referenzwäert gouf ëm 28,02 l/m² iwwerbueden. De naassten Dag war de 16. Abrëll mat 12,2 l/m², am ganzen hate mir 10 Reen-Deeg.

Hareler Poteau

Un eiser neier Statioun um Hareler Poteau gouf den 30. Abrëll e Maximalwäert vu genee 24°C gemooss, de nidderegste Wäert hate mir den 11. Abrëll mat -0,9°C. Iwwert de Mount gekuckt louch d’Temperaturmoyenne bei 10,09°C, wat de Referenzwäert vun der Statioun zu Baschelt ëm 1,68°C iwwertrëfft.

A Saache Reen huet et, wéi schonn gesot, laang gedauert, bis mol eppes nennenswäertes konnt gemooss ginn. Am Endeffekt gouf un dëser Statioun en Total vu 52,6 l/m² gemooss, de naassten Dag war de 17. Abrëll mat 15,6 l/m². Am ganze goufen un dësem Standpunkt 11 Reen-Deeg registréiert.

Fir dësen Deel ofzeschléisse, nach d’Sonnestonnen: Un dëser Statioun goufen am Abrëll 2025 208,5 Sonnestonne gemooss. Vergläiche kënne mir se awer net, well d’Referenzstatioun zu Baschelt keng Sonnestonne mësst.

Dës zwou Statioune leie just 1,3 Kilometer vunenee fort – an awer zeechne sech e puer interessant Ënnerscheeder of.

D’Donnéeë vum Findel

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel läit déi duerchschnëttlech Abrëllstemperatur bei 9,6°C, baséierend op der offizieller Referenzperiod vu 1991-2020. Wat de Reen betrëfft, läit de Normalwäert bei 49 l/m² an d’Sonn schéngt 197,5 Stonnen.

Am elo vergaangenen Abrëll gouf den 30. Abrëll eng Maximaltemperatur vu 24,3°C gemooss, de nidderegste Wäert gouf de 7. Abrëll mat -1,5°C gemooss. An der Moyenne koume mir bei 10,8°C eraus, wat de Referenzwäert ëm 1,2°C iwwertrëfft.

A Saache Reen gouf en Total vu 50,2 l/m² gemooss, also nëmme knapp méi wéi et sollt. De naassten Dag war de 17. Abrëll mat 19,6 l/m², iwwert de ganze Mount verdeelt gouf et 12 Reen-Deeg.

Et goufen 248,2 Sonnestonne gemooss. Den Duerchschnëtt gouf also ëm 50,7 Stonnen iwwerbueden.