Bilan: Den Oktober 2023 war däitlech ze waarm a vill ze naass

Den Oktober ass esou richteg an d’Waasser gefall, mee och eis Temperature louchen iwwerduerchschnëttlech héich.

Advertisement

Eng immens waarm éischt Oktoberhallschent

Déi éischt Hallschent vum Oktober goufe nach eng Partie Summerdeeg gemooss, de leschten beispillsweis den 13. Oktober – mee an der zweeter Oktober-Hallschent war et och ouni Summerdeeg iwwerduerchschnëttlech waarm. Op de ganze Mount gekuckt louch d’Duerchschnëttstemperatur am Oktober 2023 bei 11,8 Grad, dat un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. Dëst ass vill ze héich, wann ee bedenkt, dass déi laangjäreg Moyenne fir en Oktober zu Lëtzebuerg bei 9,9 Grad läit (Diff.: +1,9°C). Doriwwer eraus louch déi héchst gemoossen Temperatur um Fluchhafen bei 23,9 Grad, gemooss den 2. Oktober, an déi nidderegst bei 0,7 Grad, gemooss um fréie Moie vum 16. Oktober.

Wat de Reen betrëfft si mir och iwwert d’Moyennen erausgeschoss. Normalerweis reent et an engem Oktober 76,6 l/m² um Findel, an dësem waren et awer 122,2 l/m² (Diff.: +45,6 l/m²). De Radardonnéeë no sinn am Nordweste vum Land 190 l/m² erofkomm. Insgesamt goufen um Findel 18 Reen-Deeg gezielt – also Deeg, un deenen et op d’mannst 0,1 l/m² gereent huet. Dat sinn der 2,8 méi wéi soss.

Wat d’Sonn betrëfft si mir esouguer bal beim Duerchschnëttswäert vun 106,7 Stonnen erauskomm: gezielt goufen der 105,1.

Donnéeën: MeteoLux, Kachelmannwetter, Météo Boulaide