Mir blécken op e richteg naassen Oktober zréck, deen och vun den Temperaturen hier iwwert der laangjäreger Moyenne vu 1991-2020 louch.
Advertisement
Mir vergläichen dräi Statioune mateneen
Et ass gewosst, dass den Oktober 2023 e vill ze naassen an och en duerchschnëttlech ze waarme Mount war. Fir dëse Bilan siche mir eis dräi Statiounen aus a vergläichen hir Donnéeë mateneen.
Statioun vu Météo Boulaide, Standuert zu Baschelt
Un eiser eegener Statioun gouf den 21. Oktober eng Maximaltemperatur vun 20,2°C gemooss, de nidderegste Wäert gouf et um fréie Moie vum 12. Oktober mat 1,8°C. Iwwert de ganze Mount gekuckt resultéieren d’Statistiken an enger Moyenne vun 11,2°C.
Gäre wier ech och op d’Donnéeë vum Reenmiesser agaangen – duerch en Defekt liwwert dësen aktuell awer keng verlässlech Wäerter. En Ersatz gëtt deemnächst installéiert.
D’Wiederstatioun vun der ASTA zu Ueschdref
Och Ueschdref, net wäit ewech vu Bauschelt, hat den 21. Oktober eng Maximaltemperatur vun 20,2°C. Am keelste war et den 12. Oktober mat -0,8°C. Op de ganze Mount gekuckt louch d’Temperaturmoyenne vun dëser Statioun bei 9,9°C.
Hei gëtt däitlech gemaach, wéi naass den Oktober wierklech war: Gemooss goufen 129,8 l/m², alleng de 9. Oktober huet et 65,2 l/m² gereent.
D’Wiederstatioun vu MeteoLux um Findel
Un der Wiederstatioun vun eisem zweete staatleche Wiederdéngscht (nieft der ASTA) gouf den 21. Oktober eng Maximaltemperatur vun 20,4°C gemooss, am keelste war et um Moie vum 14. Oktober mat 2,3°C. Iwwert de ganze Mount gekuckt erginn d’Wäerter eng Moyenne vun 11,2°C.
Wat de Reen betrëfft sinn am Oktober 128,5 l/m² um Findel gemooss ginn, de naassten Dag war den 10. Oktober mat 53,3 l/m². D’Sonn huet awer trotzdeem mat 111,6 Stonne normal bis liicht iwwerduerchschnëttlech vill geschéngt.
De Vergläich a Fazit
Wann een d’Donnéeë vun den dräi Wiederstatioune matenee vergläicht, kënnt een ongeféier op de selwechte Nenner. Opfällegkeete sinn déi identesch Maximaltemperaturen vun der Statioun vu Baschelt esouwéi der ASTA-Statioun vun Ueschdref – oder och d’Temperaturmoyenne vu Bauschelt an déi vun der Statioun vum Findel. D’Reenzomme vun Ueschdref an dem Findel ginn och net wäit auserneen. Eng weider Statioun mat änleche Reenzommen ass d’Statioun vun der AGE vu Bungeref mat 122,7 l/m².
Wa mir vum Findel ausginn, dann huet et do am Oktober 76,6 l/m² ze vill gereent an d’Temperaturmoyenne gouf ëm 1,3°C iwwertraff – op déi laangjäreg Moyenne vu 1991-2020 bezunn sinn et nämlech duerchschnëttlech 9,9°C. De Mount geet also als e vill ze naassen an ze waarmen an d’Statistiken an.