Bilan: Den Oktober war liicht ze waarm an däitlech ze naass

Mir kucken op en ze naassen, mee och liicht ze mëllen Oktober zréck.

Liicht ze mëll, mee däitlech ze naass um Findel

Och den Oktober geet als e Mount an d’Bicher an, deen ze waarm war. Dës Kéier ass d’Anomalie awer manner markant ausgefall. A Saache Nidderschléi huet sech eppes gedoen: ausnamsweis hate mir mol erëm en ze naasse Mount.

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdénscht MeteoLux um Findel gouf den 21. Oktober eng Maximaltemperatur vun 20,8 Grad gemooss, déi niddrëgst ass den 18. Oktober mat 3,4 Grad registréiert ginn. An der Moyenne louch den Thermometer de ganze Mount iwwer bei 9,9 Grad. Et war domat also ëm 0,7 Grad ze waarm – wärend der Referenzperiod vu 1981 bis 2010 hat den Oktober eng Duerchschnëttstemperatur vu 9,2 Grad.

Wat de Reen ugeet ware mir och iwwerduerchschnëttlech ënnerwee, wat no de villen ze dréchene Méint als wëllkomm Ofwiesslung gutt ukënnt. Et si ronn 113 l/m² erofkomm, ganz 26,1 l/m² méi wéi soss. Normalerweis reent et an engem Oktober 86,9 l/m². Um Findel goufe 26 Deeg gezielt, un deenen et op mannst 0,1 l/m² gereent huet.

Wärend dem Oktober 2020 war et den 21. Oktober mat engem maximale Wandstouss vu 59,4 km/h aus Südwesten am leftegsten.

Och un der Météo Boulaide-Statioun war et liicht ze waarm

Den 21. Oktober 2020 géint 15:40 Auer konnt eng Maximaltemperatur vu 19,2 Grad gemooss ginn, de niddrëgste Wäert gouf de 14. Oktober géint 06:45 Auer mat 2,6 Grad registréiert. De selwechte Moie gouf géint 06:25 op 5cm Héicht Buedemfrascht mat -0,6 Grad registréiert. Op de ganze Mount gekuckt louch d’Moyenne bei 9,84 Grad, mat enger positiver Anomalie vu 0,34 Grad läit dat knapp iwwert der Moyenne wärend der Referenzperiod vu 1981 bis 2010.

An der Bauschelter Gemeng huet et am Oktober 2020 80,4 l/m² gereent. Op d’Moyenne vum Findel bezunn huet et also ëm 0,5 l/m² ze mann gereent, normal sinn 80,9 l/m². Et huet, genee wéi um Findel och, wärend 26 Deeg op mannst 0,1 l/m² gereent.

Den 21. Oktober 2020 gouf um 17:50 Auer e maximale Wandstouss vun 51,5 km/h gemooss.