Bilan Februar 2025: Normal Temperaturen, dofir awer däitlech ze dréchen

De leschte Mount vum meteorologesche Wanter ass duerch. An der Moyenne waren d’Temperature normal, mee virun allem a Saache Nidderschléi géif et e relevanten Defizit.

Advertisement

Statistike vum staatleche Wiederdéngscht um Findel

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht vum Findel gouf am Februar 2025 eng Maximaltemperatur vu 15,4°C gemooss, dat den 21. Februar. De nidderegste Wäert war dn 18. Februar dobäi, dat mat -6,9°C. Am Endeffekt komme mir bei enger méintlecher Temperaturmoyenne vun 2,2°C eraus, wat och genee mat der laangjäreger Moyenne (Referenzperiod: 1991-2020) iwwerteneepasst. Wat de Reen ugeet, sinn iwwert de ganze Mount gekuckt just 36,3 l/m² erofkomm – normal wiere 59 l/m² gewiescht. De naassten Dag war de 26. Februar mat 15,6 l/m² op 24-stënneger Basis. A Saache Sonnestonne ginn et an engem Februar statistesch gesinn 79,5 Stonnen, dës Kéier waren et 74,9 – also en zimmlech geréngen Ënnerscheed.

D’Statistiken aus der Gemeng Bauschelt

Un eiser suburban/dierflech geleeëner Wiederstatioun zu Baschelt an der Gemeng Bauschelt läit déi duerchschnëttlech Februartemperatur bei 1,99°C (baséierend op eiser inoffizieller Referenzperiod vun 2012-2022). Am Februar 2025 waren et 2,1°C, also eng bal net relevant positiv Anomalie. Déi nidderegst Temperatur ass den 18. Februar mat -7,3°C opgetrueden, den héchste Wäert gouf et den 21. Februar mat 15,3°C. Gereent huet et 33,8 l/m², normal wieren awer 61,75 l/m². De naassten Dag war den 10. Februar, iwwert de ganze Mount gekuckt gouf et 8 Reen-Deeg.

De 14. Februar hu mir um Hareler Poteau, zesumme mat der Gemeng Bauschelt, eng professionell Wiederstatioun installéiert, déi no de Norme vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie mësst. Zwar kënne mir keng komplett Statistike vum ganze Februar ginn, mee zanter dem bestoen gouf déi nidderegst Temperatur mat -6,8°C gemooss an déi héchst Temperatur mat 14,4°C. D’Zäite sinn déi selwecht, wéi bei der Statioun zu Baschelt. Den Temperaturduerchschnëtt vum 14. bis den 28. Februar louch bei 2,7°C. Gereent huet et am ganzen 18,6 l/m² an et goufen zanterdeems 17,3 Sonnestonne registréiert.

Méi zu dëser Statioun am Laf vun de nächste Wochen.