Bilan: Juli 2022 war de sonnegsten zanter Opzeechnungsufank

De staatleche Wiederdéngscht mellt de sonnegste Juli-Mount zanter op mannst 1947.

De Juli war en immens waarmen an dréchene Mount

Op dat ganzt Land gekuckt, war de Juli en immens dréchenen a waarme Mount. D’Donnéeën aus dësem Artikel baséieren awer nëmmen op den Donnéeë vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux – Donnéeë vun den anere Wiederstatiounen aus dem ASTA-Netzwierk leie nach net vir.

Wa mir bei MeteoLux um Findel bleiwen, dann huet d’Sonn zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 nach ni esou vill geschéngt wéi am Juli 2022. Gemooss goufen 377 Sonnestonnen, wat de Rekord aus dem Juli 2018 mat 348 Stonnen däitlech iwwertrëfft.

Immens markante Reendefizit

Wat de Reen betrëfft, huet et am Juli 2022 um Findel nëmme 6,8 l/m² gereent, dat iwwer 3 Deeg verdeelt. Deeg mat Donnerwieder gouf et nëmmen 1, wat immens ongewéinlech fir e Juli ass. Et ass allerdéngs nëmmen den drëtt-dréchenste Juli, den dréchenste geet op de Juli 1949 mat 2,2 l/m² zréck. Och hei bleift awer ze soen, dass et am Juli 2022 un enger Partie anere Statiounen am Land garantéiert manner gereent huet – wa net esouguer Allzäit-Dréchentrekorder gefall sinn. Fir niewebäi ze erwäännen: un der Wiederstatioun vu Météo Boulaide huet et nëmme 4,8 l/m² gereent – an der Gemeng Bauschelt war et also den dréchenste Juli zanter op mannst 2011 (méi wäit geet déi professionell Daterei vu menger Statioun leider net zréck).

Obwuel de Juli 2022 en immens waarme Mount war, ass en, wann ee sech just op d’Statioun um Findel fixéiert, ouni neie Rekord iwwer d’Bühn gaangen. D’Temperaturmoyenne louch bei 20,6 Grad, also 1,9 Grad iwwert der laangjäreger Temperaturmoyenne (1991-2020, 18,7 Grad). Et war domat de 6. wäermste Juli-Mount, dee bis ewell um Findel opgetrueden ass. Déi héchst Temperatur ass de 19. Juli 2022 mat 36,3 Grad gemooss ginn, wat däitlech ënnert dem Allzäitrekord vum 25. Juli 2019 läit – deemools louch déi héchst Temperatur bei genee 39 Grad.

Wéi de ganze Summer anzeschätzen ass, deen meteorologesch jo vum 1. Juni bis den 31. August dauert, gesi mir, wann en eriwwer ass. En huet op alle Fall e grousst Potenzial een vun de wäermsten an dréchensten ze ginn, déi mir bis ewell haten.