Bilan Juli 2023: War de Peak-Summermount wierklech esou schlecht?

Duerch déi momentan Summer-Paus gëtt sech vill beschwéiert, de Summer 2023 wier e Vull fir d’Kaz. Mam Wëssen, dass de Juni zesumme mat 2003 de wäermste bis ewell war an et elo am Juli awer gutt 16 Summer-Deeg gouf, stëmmt dës Behaaptung net esou ganz.

Advertisement

Virwuert

No engem wierklech waarme Juni (um Findel esouguer zesumme mat 2003 de wäermsten zanter Opzeechnungsufank), deen vu Summer-Deeg esou richteg dominéiert gouf, ass de Juli 2023 en typesche lëtzebuergesche Summermount gewiescht. Well sech d’Grousswiederlag awer dozou entscheed huet, besonnesch an de leschten 10 Deeg vum Juli d’Temperatur erofzeschrauwen, fillt et sech fir vill Leit esou un, wéi wann de ganze Juli summertechnesch e Vull fir d’Kaz gewiescht wier – wat awer eigentlech guer net esou war.

D’Referenzperiod vu 1981 – 2010 beseet, dass d’Duerchschnëttstemperatur an engem Juli zu Lëtzebuerg bei 18,2°C läit, iwwerdeems et 71,0 l/m² reent. Referenzperioden lafen awer iergendwann aus a ginn zäitlech ugepasst: Der momentaner Referenzperiod no, déi vu 1991-2020 geet, läit d’Duerchschnëttstemperatur an engem Juli bei 18,7°C an et reent 72,1 l/m². Wa mir elo d’Referenzperioden mateneen vergläichen, mierken mir also, dass de Juli sech esou entwéckelt huet, dass en am Duerchschnëtt ëmt en hallwe Grad méi waarm ginn ass, iwwerdeems et och e bësse méi reent ewéi virdrun. Dës Donnéeë bezéie sech op d’Wieder-/Klimastatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel.

Wéi war dann elo de Juli 2023?

De Juli huet weltwäit, haaptsächlech op der Nordhallefkugel, nei Allzäit-Temperaturrekorder bruecht. Wéi war en dann zu Lëtzebuerg? (Och dës Donnéeë bezéie sech op d’Wiederstatioun um Findel, ausser et gëtt betount dass se vun enger anerer Statioun sinn).

Fänke mir mat der Temperatur un. Den héchste Wäert ass de 9. Juli mat 33,4°C opgetrueden (un den ASTA-Statiounen Iechternach & Gréiwemaacher goufe 35,3°C gemooss), de nidderegsten um Moien um 6. Juli mat 9,5°C. An der Moyenne louchen d’Temperaturen iwwert de Mount verdeelt um Findel bei 18,5°C, wat mat 0,2 Grad nëmme liicht ënnert dem Wäert vun der Referenzperiod (1991-2020) läit.

Op ganz Lëtzebuerg gekuckt gouf et am Juli 2023 gutt 16 Deeg, un deenen d’Temperaturen un iergendenger Wiederstatioun aus dem ASTA- esouwéi och Kachelmann-Netz op d’mannst 25°C erreecht huet. Wann eng Statioun mindestens 25,0°C mësst, schwätzt een vun engem meteorologesche Summerdag.

Gereent huet et 83,8 l/m², normal wieren et 71,5 l/m² gewiescht. De meeschte Reen ass de 25. Juli erofkomm, 28,2 l/m² goufen um Findel registréiert. Insgesamt goufen am Juli 14 Deeg gezielt, un deenen et op d’mannst 0,1 l/m² gereent huet.

D’Sonn huet 235,9 Stonne geschéngt, soss sinn et der 257,6.

Fazit

Trotz der variabler Grousswiederlag, déi mir virun allem an de leschten 10 Juli-Deeg erlieft hunn, kann een definitiv net behaapten, de Summer am Juli wier fir d’Kaz gewiescht. Den Donnéeë no war et mat enger Ofwäichung vu just -0,2°C e ganz minimal méi kille (eigentlech ëmt en Hoer duerchschnëttleche) Juli, heiheem. Dass de Juli Europa-/ an esouguer weltwäit gekuckt e markante Mount mat ville neien Allzäit-Rekorder war, kënnt Dir hei an der Artikel-Usiicht iwwert de Juli matverfollegen. Dozou einfach d’Säiten duerchklicken. Nëmme well et zu Lëtzebuerg mol zu enger killer Phas wärend dem Héichsummer kënnt, heescht dat net, dass de Klimawandel weltwäit inexistent ass.

Donnéeën: Météo Boulaide, ASTA, Kachelmannwetter, MeteoLux