Bilan: Oktober 2022 zesumme mat 2006 de wäermsten zanter Opzeechnungsufank

Den Oktober 2022 ass zu Lëtzebuerg ëm 2,9 Grad ze waarm ausgefall. Dat ass eng uerdentlech Hausnummer.

Ze waarm, ze naass, ze sonneg

Den Oktober 2022 war immens opfälleg – haaptsächlech a Saachen Temperatur och fir Leit, déi sech net mam Wieder oder mat den Donnéeeën dovu beschäftegen.

Dës Donnéeë baséieren op deene vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel – do louch déi héchst Temperatur an dësem Oktober bei 21,8 Grad, gemooss den 28. Oktober. Déi nidderegst Temperatur gouf et de 9. Oktober mat 4,5 Grad. D’Duerchschnëttstemperatur vum Mount läit bei 12,8 Grad, wat 2,9 Grad iwwert dem Duerchschnëtt vu 9,9 Grad läit (gemooss an der Zäitspaan vu 1991-2020). Et war also, zesumme mam Oktober vun 2006, de wäermsten zéngte Mount zanter Opzeechnungsufank.

Déi lescht Oktoberdekad, also vum 21. bis den 31., louch d’Duerchschnëttstemperatur bei 14,4 Grad – de Normalwäert läit awer bei 8,5 Grad, wat also eng Anomalie vu 5,9 Grad ausmécht. Et war also schwaarz op wäiss vill ze waarm.

Wat de Reen betrëfft, war et och däitlech ze naass. An der Moyenne reent et an engem Oktober 76,6 l/m², dës Kéier waren et 111,2 l/m² – eng Anomalie vu +34,6 l/m² also. De meeschte Reen ass den éischten Oktober erofkomm, dat mat 32 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen. Am ganze gouf et 14 Deeg, un deenen et op mannst 0,1 l/m² gereent huet.

D’Sonn huet och iwwerduerchschnëttlech laang geschéngt – an dësem Oktober goufen 131,2 Stonne gezielt, den Duerchschnëtt vu 1991-2020 bedréit awer 106,7 Stonnen. Dëst entsprécht also enger Anomalie vu 24,5 Stonnen.