Bilan: Op dëse Plaze war et e Méinden am stiermeschsten

Déi laang ugekënnegt markant Kalfront huet eis gëschter kuerz viru 17 Auer erreecht. Besonnesch an der Nordhallschent vum Land sinn e Koup Beem an d’Stroosse gefall. Mir kucken eis un, wou de Wand am kräftegste war.

Advertisement

Top 10: Déi héchst Wandvitessen

Am ganze Land war et stiermesch – déi meescht Beem sinn awer tatsächlech an der Nordhallschent ëmgefall. Dëst ass net verwonnerlech, well de kräftegsten Deel vun der Front och iwwert d’Nordspëtzt ewechgezunn ass.

  • Wëntger-Uewerwampech (Meteosol): 96 km/h
  • Wolz (Kachelmannwetter): 93 km/h
  • Bartreng (Kachelmannwetter): 83 km/h
  • Eschduerf (ASTA): 83 km/h
  • Waldbëlleg (ASTA): 83 km/h
  • Findel (MeteoLux): 80 km/h
  • Useldeng (ASTA): 80 km/h
  • Beetebuerg-Obeler (Kachelmannwetter): 78 km/h
  • Schengen (Kachelmannwetter): 78 km/h
  • Elwen (Kachelmannwetter): 76 km/h

Méi Donnéeën fannt Dir hei.

Wéi d’Medie schreiwen, war de CGDIS 18 mol am Asaz. D’Ponts-et-Chaussées hunn a 27 Fäll misse Beem an Äscht aus de Stroossen huelen.

Virun enger Woch déi éischt Kéier dovu geschwat

Anescht, wéi gëschter op verschiddene Plaze behaapt gouf, gouf et schonn vill méi fréi Unzeechen op eng markant Kalfront. An dësem Artikel (Klick) gouf schonn wäit am Viraus net nëmme vun der Méiglechkeet vu stiermeschem Wand geschwat, mee och, dass et lokal ka schneien. Béides ass dunn gëschter, 6 Deeg duerno, agetraff. Amfong normalt Abrëllswieder, an awer trotzdeem markant.

Géint 16:45/16:50 ass d’Kalfront vu Westen hier an d’Land eragezunn. E Sonnden hate mir um 14:23 Auer eng Stuermwarnung erausginn. Kuerz virum Ukomme vun der Kalfront, un där Donnerwieder mat agelagert waren, hate mir um 16:21 Auer de Méindenomëtten och nach eng Donnerwiederwarnung aktivéiert.


D’Donnerwiederwarnung vun e Méinden aus eisem SkyWatch | Grafik: Météo Boulaide

Dëst war e gudden an erfollegräichen Test fir eise SkyWatch-Warnsystem.