Bilan: Punktuell 40 l/m² Reen an der vergaangener Nuecht

E kräftegt Reegebitt war ugekënnegt. Am Endeffekt huet et sech awer däitlech méi staark gewisen a konnt sech bis an déi zweet Nuetshallschent halen. Per SkyWatch konnt nach reagéiert, an eng Warnung aktivéiert ginn.

Advertisement

Warnrelevante Reen an der Nuecht op en Donneschden

An der Owesprognos vum Météoflash gouf iwwer méi kräftege Reen geschriwwen, den am Laf vum Owend soll iwwer Lëtzebuerg erofkommen. Dat relevant Reegebitt koum mat e bësse Verspéidung, mee awer och mat enger méi héijer Intensitéit wéi vun de Modeller erwaart iwwert d’Grenz geschwappt. Den Dauerreen-Zoustand ass ronderëm 23:30 Auer ugaangen, an Tëschenzäit hat sech de Reen iwwert de Gros vun der Nordhallschent ausgebreet. An der Südhallschent war et haaptsächlech de Südwesten.


Déi estiméiert Reequantitéiten per Radarmiessung. Déi blo Flecke weise Géigenden, wou et 30 l/m² gereent huet. Fir punktuell nach méi héich Zommen unzeweisen ass d’Opléisung allerdéngs ze grob | Radardonnéeën: DWD

Géint 00:05 waren dunn definitiv staark Nidderschléi iwwert der Nordhallschent vum Land aktiv, déi besonnesch un der Nordspëtzt mee awer och u Flecken am Nordwesten esouwéi och dem Ettelbrécker Raum warnrelevant Quantitéiten bruecht hunn. Wou Quantitéite vun méi wéi 15 l/m² duerch d’Radardonnéeën an och Wiederstatiounsdonnéeën erkenntlech goufen (Warnschwell erreecht), gouf um 00:03 Auer eng Staarkreenwarnung per SkyWatch erausginn. Gewarnt gouf zousätzlech virun Aquaplaning esouwéi lokalen Iwwerschwemmungen. Um 00:05 Auer gouf e Wiederhiweis fir Deeler vum Süde vum Land aktivéiert, dat och wéinst Aquaplaning an erschwéierte Fuerkonditiounen duerch de Staarkreen – Hiweis, well do keng Warnschwell erreecht gouf.

Déi gemoossen Zommen

Hei fannt Dir eng Oplëschtung vun de Wiederstatiounen, déi am meeschte Reen gemooss hunn. Zäitraum: 29.05.2024 – 20:00 Auer bis 30.05.2024 – 08:00 Auer:

  • Ueschdref (ASTA): 40,5 l/m²
  • Ettelbréck (Kachelmannwetter): 36,5 l/m²
  • Wentger (ASTA): 34,6 l/m²
  • Aasselbuer (ASTA): 34,5 l/m²
  • Breedelt (ASTA): 34,2 l/m²
  • Lycée Technique Ettelbruck (Météo Boulaide): 32,8 l/m²
  • Ettelbréck (ASTA): 31,9 l/m²
  • Nordstrooss Shopping Mile (Météo Boulaide): 30,0 l/m²
  • Eschduerf (ASTA): 29,4 l/m²
  • Bettenduerf (ASTA): 28,9 l/m²

Ze erwäänen ass och, dass et un der ASTA-Statioun zu Breedelt tëscht 22:50 an 23:50 alleng 20,6 l/m² gereent huet. Markant ass och d’ASTA-Statioun vun Ueschdref, un där et an der selwechter Zäitspaan 11,1 l/m² waren an duerno tëscht 23:50 an 00:50 nachemol 17,6 l/m². Och d’Kachelmannstatioun vun Ettelbréck ass opgefall, do huet et tëscht Mëtternuecht an 01 Auer 15,1 l/m² gereent. Déi gëschter frësch installéiert Wiederstatioun fir de Lycée Technique Ettelbruck confirméiert dës Zommen mat 7,8 l/m² tëscht 23:00 Auer a Mëtternuecht esouwéi 13,8 l/m² tëscht Mëtternuecht an 01 Auer.


D’Staarkreenwarnung, erausginn mat eisem SkyWatch, um 00:03 Auer

Wann d’Situatioun an de Modeller méi kloer gewiescht wier, hätt een méi wäit am Viraus kënne mat enger Dauerreenwarnung reagéieren. Glécklecherweis ginn et awer Wiederradar-Geräter, mat deene sech och kuerzfristeg Ännerungen ofleede loossen. D’Reaktioun war eng Staarkreenwarnung mat Zommen vun bis zu 15 l/m² d’Stonn, déi am Zäitraum vun 00:00 bis 02:15 Auer konnten optrieden.